RTL - Carte Blanche

Carte Blanche Robert Urbé, 15/07/2016


Listen Later

Viru kuerzem nach, bei der Ofstëmmung fir de Budget fir 2016 an och bei der Budgetsplanung 2015-2019 huet de Finanzminister dervu geschwat, datt den Zukunftspak, dee jo ee Spuerpak 2014 bis 2018 sollt sinn, misst ganz ëmgesat ginn fir wierksam ze sinn. Zënter e puer Wochen erliewe mer awer, datt de Wand aus enger anerer Richtung bléist: mat der Steierreform ginn elo vum nächste Joer u beim Staat manner Einnamen an der Héicht vu ronn enger hallwer Milliard Euro pro Joer ageholl, an déi ginn un d’Leit verdeelt. Zu bestëmmten Zäiten, a Krisenzäiten, wou d’Wirtschaft méi schlecht dréint, méi ausginn, an zu aneren Zäite spueren, heescht an der Budgetspolitik “antizyklesch Haushaltspolitik”.
D’Joeren 2008 bis 2014 waren alles Krisejoeren, an awer ass do ënnerschiddlech gehandelt ginn.
Enger Etude no, déi d’Europäesch Kommissioun am Abrëll virgeluecht huet, hunn net alleguer, awer eng Rei vun europäesche Länner, an dorënner Lëtzebuerg, vun 2008 u fir t’éischt méi ausginn an no 2011 gespuert. Bis elo.
D’Resultat vun esou Politiken ass, datt an deene Länner mat e puer Ausnamen tëscht 2008 an 2011 d’Akommes vun deenen ënneschte Schichten tëscht 5 an 10 Prozent an d’Luucht gaangen ass, dat vun deene Schichte mat méi engem héijen Akommes ass an deeër Zäit éischter liicht gefall. Un deem éischten Effet sinn d’Sozialtransferts am allgemengen, un deem zweeten d’Pensiounen an d’Rente Schold.
No 2011 dann huet jiddereen manner Akommes gehat an dee Réckgang huet déi mat deene klengen Akommes méi staark getraff, war also besonnesch a-sozial. Do waren eenzel Länner, wéi z.B. Schweden besser dran, mee a Groussbritannien ass déi Ongläichheet awer och nach méi prononcéiert gewiescht.
Zu Lëtzebuerg ass d’Akommes vun de Privatleit an der Moyenne an de Joeren 2008-2011 ëm 0,2% erop gaangen, an der Period 2011-2014 awer ëm 0,8% erof gaang; ënner dem Stréch ergouf dat iwwer di ganz Period e Minus, deen elo also rëm soll ausgeglach ginn.
Ech hunn elo keng Donnéeën, fir ze iwwerpréiwen, ob esou e Politikwiessel vun “ausginn” op “spueren” oder vu “spueren” op “ausginn” an deene jeeweilege Länner kann eppes dermat ze dinn hunn, op di nächst Walen méi no oder méi wäit ewech waren oder sinn.
Fir Lëtzebuerg kéint een awer soen, 2008 war virun de Walen (national an duerno och nach kommunal) an du gouf méi ausginn. Dunn huet no 2011, wou keng Walen an de Féiss waren, d’Austéritéit regéiert. D’Wale vun 2013 sinn da vläicht eng Ausnam, well se ze séier an ze onerwaart koumen, mee duerno goung et rëm viru mat spueren, an ab 2017 gëtt rëm manner gespuert. Schliisslech sinn 2017, 2018 an 2019 Kommunal-, national an Europawalen!
Oder ass et awer déi antizyklesch a prozyklesch Budgetspolitik? Da misst de Staat, well d’Wirtschaft jo lo rëm gutt dréint eigentlech rëm geschwë mat spueren ufänken. Wetten datt net virun 2020!

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners