RTL - Carte Blanche

Carte Blanche Robert Urbé, 17/03/2017


Listen Later


Den Incubateur 6zero1, wou ee vun den Aktionären d’ULESS ass heescht esou, well en déi éischt SIS ass, déi des Woch hiren Agrément krut. Wien ass d’ULESS? A wat ass eng SIS? Eng SIS ass e Statut deen duerch e Gesetz vum 12. Dezember 2016 geschaf gouf, an dee fir Entreprises sociales, awer och am kulturellen an am Ëmweltberäich kann ugeholl ginn.
D’ULESS, d’Union luxembourgeoise de l’économie sociale et solidaire regruppéiert ronn 250 Memberen aus der Sozialéconomie, mat ronn 20.000 Beschäftegten, wat zwee Drëttel vum gesamte Secteur duerstellt, deen 8% zum Bruttoinlandprodukt bäidréit.
Fir d’ULESS ass, och der europäescher Definitioun no, eng Entreprise sociale eng, déi stellt entweder e Produit hier oder leescht en Service, dee fir benodeelegt Leit eng Hëllef ass, oder awer si bedeelegt an engem “normale” Prozess benodeelegt Leit bei der Hierstellung vum Produit oder der Bereetstellung vun der Déngschtleeschtung.
Do kënnt dann derbäi, datt en eventuelle Bénéfice net ausgeschott gëtt, mee am Betrib bleift an investéiert gëtt, fir weider derzou bäizedroen, den Zweck ze erfëllen.
An dann ass et wichteg, datt et fir dee Produit oder déi Déngschtleeschtung e Marché gëtt, also Clienten, déi de Produit brauchen oder wëllen, an datt et ee gëtt, deen och de Produit oder d’Dengschtleeschtung bezielt. Dat muss net de Client selwer sinn! Wann also z.B. fir d’Bereetstelle vu Schlofplazen an engem Foyer fir Obdachloser de Staat bezielt, oder awer fir Kannerbetreiungsplazen an enger Maison relais, dann ass dat de Fall. Do gëtt da gären dervu geschwat, datt dat jo da vum Staat subventionéiert Betriber sinn. Dat ass awer falsch: de Staat subventionéiert net d’Betriber, mee d’Leit déi dee Produit oder déi Déngschtleeschtung brauchen, an déi sech selwer dat net leeschte kënnen, oder net sollen, well de Staat der Meenung ass, datt d’Allgemengheet déi Käschte soll droen. Et géif ee jo och ni vun enger Apdikt soen, dat ass e subventionéierte Betrib; an awer bezielt deejéinegen, deen do akeeft och nëmmen ee klengen Deel vum Präis.
Da gëtt et awer selbstverständlech och där Betriber, wou de Staat de Fonctionnement vum Betrib selwer zum Deel oder ganz finanzéiert. Dat geschitt dann, fir e bestëmmten Nodeel auszegläichen, deen dëse Betrib vis-à vis vun aneren huet, z.B. doduerch, datt e Leit beschäftegt, déi manner produktiv sinn, oder déi méi Encadrement brauchen asw. Et ass also net sou, dass hei déi staatlech Subventioun géif zu enger Verzerrung féieren, Stéchwuert “Concurrence déloyale”, mee déi staatlech Subventioun gläicht eng bestoend Verzerrung, en Ongläichgewiicht aus, fir de Marché an eng Balance ze bréngen.
Ouni sou staatlech Interventioune géifen sou Betriber net kënnen existéieren, géifen déi Mënschen déi Hëllefen, déi se brauchen, net kréien, wier eis Welt méi aarm.
Fir géint d‘Aarmut zu Lëtzebuerg an an der Welt ze kämpfen brauche mer vill verschidden Dispositiver, a brauche mer ënner anerem och d’Economie sociale et solidaire!

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners