RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Robert Urbé, 24/04/2017


Listen Later

De 7. November bei enger Presentatioun um Belval iwwer di territorial Entwécklung vu Lëtzebuerg huet den Nohaltegkeetsminister d’Diskussioun ëm den 1,1-Mio Awunnerstaat als eng “Phantomdiskussioun” bezeechent, mat deeër een nëmme géif Angscht maachen. Et ass natierlech hei sou, wéi bei sou villem: et kann een et sou oder sou gebrauchen. Mat der Angscht, an dermat datt keen eng verlässlech Virausso op méi wéi 40 Joer maache kann, huet de Minister sécher Recht. Mee: et ass awer kee Phantom, et ass ganz real! An d’Diskussioun dodriwwer huet keen hier opgedrängt, mee déi huet d’Regierung, an zwar souwuel déi viregt wéi déi heiten, selwer ze veräntwerten.
Bei der Rentereform 2012 huet d’Regierung (déi deemoleg) hier Zuelen op engem Szenario vun  engem Wuesstem vun 3% bis 2060 opgebaut: dat huet awer als Resultat 1 Millioun Awunner a méi.
A genau sou huet d’Regierung am Abrëll 2016 fir de Budget 2017 dat mëttelfristegt budgetäert Objektiv vun engem strukturelle Budgetiwwerschoss vu +0,5% beim Gesamtstaat op een Defizit vu -0,5% erofgesat, wat de Spillraum bruecht huet fir d’Steierreform, ouni dat budgetäert Ziel ze verletzen. An och déi Verännerung vum budgetären Objektiv berout op den Zuele vun der demografescher Entwécklung.
D’Regierung huet sech also mindestens zwee mol op dat sou genannte “Phantom” vum 1,1 Mio Awunnerstaat gestäipt, fir hier Politik ze begrënnen. Da soll se lo net soen, dat wier eng Phantomdiskussioun!
A béide Fäll mécht d’Regierung, wéi wann si net dofir kéint, datt et zu sou enger Bevëlkerungsentwécklung kënnt, datt si dat als virausgesat ze akzeptéieren huet an hier Politik kann dorop opbauen. Ofgesinn dervun, datt sech dann zumindest Gedanken ze maache wieren, wat dat heescht a mat sech bréngt, a wat fir Mesuren een da misst ergräife fir dat Schlëmmst u Konsequenzen ze verhënneren, stellt sech méi eng fundamental Fro.
Wëlle mir iwwerhaapt an esou engem Staat liewen? Oder: Kann eist Land dat verkraaften? Déi Fro misst mol breet gestallt an debattéiert ginn, an da sollt et zu enger Décisioun kommen. An da misst des Décisioun derzou féieren, datt an alle Beräicher lo schonn op dat Zil hi geschafft géif.
Wann z.B. Experten eis soen, datt mer guer net genuch Waasser hei am Land hunn, fir sou vill Leit, sollte mer da soen, bon da gi mer dat och nach bei eis Nopere sichen, oder sollt dat net éischter derzou féieren, datt mer eis Grenze fir de Wuesstem setzen? A misste mer dann net all eis Politiken, vun der Verkéiersplanung iwwer d’Reform vun de Sozialsystemer, de Schoulausbau bis zu de Promotiounsreese vum Wirtschaftsminister alleguer - an zwar elo schonn - sou ausriichten, datt se deene Wuesstemsgrenze Rechnung droen?
Statt zukünfteg Entwécklunge passiv zur Kenntnis huelen, a se beschtefalls nach fir di eegen Zwecker notzen, léiwer d’Zukunft gestalten, an un der Definitioun, wéi di Zukunft ausgesi soll, d’Bevëlkerung bedeelegen: dat wier eng nohalteg Politik! Loosse mer hoffen, datt déi vum Nohaltegkeetsminister, allerdéngs réischt fir 2018, also mat Verspéidung, geplangten Aarbechtsgruppen e Wee an déi Richtung brénge wäerten.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners