RTL - Carte Blanche

Carte Blanche Robert Urbé, 28/10/2016


Listen Later

D’lescht Woch, de 17. Oktober war den Internationalen Dag fir d’Besäitigung vun der Aarmut. Pénktlech wéi all Joer huet de Statec e puer Deeg virdru säi Rapport Travail et Cohésion sociale publizéiert. Doranner steet, den Aarmutsrisiko wier tëscht 2014 an 2015 vu 16,4% op 15,3% rofgaangen.
Heescht dat da lo, et geet eis besser?
Also, et dréint sech jo hei ëm eng statistesch Zuel, déi opgronn vun enger Stéchprouf vun 3.456 Haushalter gerechent gouf. Dat heescht datt déi Zuel mat enger gewësse Wahrscheinlechkeet zoutrëfft, méi och net. Et sief hei och widderholl, datt an deeër Stéchprouf do nëmme sougenannten “normal” Haushalter dra sinn, also Leit an Altersheimer, Kannerheemer oder Obdachlosenasyler asw. net mat gefrot ginn.
Da muss een als nächst feststellen, datt den Aarmutsrisiko och mat 15,3% nach ëmmer héich ass: an 13 Länner an Europa ass e méi niddereg, dorënner an zwee vun eisen dräi Nopeschlänner! An datt en zënter 1996 mat Schwankungen bestänneg an d’Luucht goung: eng Zuel, déi fir ee Joer méi niddereg ass, seet do nach näischt aus! Dat hate mer fir d’lescht 2011, wou e vu 14,5 op 13,6% erof gaang war, fir dunn di nächst Joeren op 15,1, 15,9 a 16,4% ze klammen.
Dann huet sech och näischt dru geännert, datt bestëmmte Kategorië vun der Bevëlkerung méi schlecht do sti wéi anerer. An dat sinn déi selwecht wéi di Joere virdrun: Kanner ënner 18 Joer mat 21,5%, Auslänner mat 22,3%, Leit mat enger niddereger Qualifikatioun mat 19,2%, Aarbechtsloser mat 42,7%, Famillje mat méi wéi 2 Kanner mat 23,7% a besonnesch Monoparentalen mat 44,9%. Do kéint ee jo dann dervun ofleeden, wou eng Regierung politesch aktiv misst ginn. Dat ass mat der Steierreform geschitt, wat d’Monoparentalen ubelaangt, och wann dat hätt kënne méi wäit goen. Dat steet och am Regierungsprogramm, wat d’Kanner an den RMG-Haushalter betrëfft, an dat soll demnächst kommen. Do ass awer och mat der Reform vum Kannergeld de Géigendeel geschitt. An: eis Schoul bréngt et nach ëmmer net fäerdeg, datt déi Jugendlech méi héich Qualifikatiounen hu, wann se d’Schoul verloossen. Bei den Aarbechtslosen dogéint ass ee gewësse Réckgang um Aarbechtsmarché festzestellen, an do goung och den Aarmutsrisiko vun den Aarbechtslosen lo zréck.
Da gëllt och, datt d’Halschent vun deenen ënner dem Aarmutsrisiko nëmme maximal 83% ënner dem Seuil vun 1.763 EUR leien, dat waren der d’lescht Joer nach ronn 84%. Wann déi Zuele lo genau wieren, da géif dat heeschen, datt et zwar manner Aarmer ginn, mee déi sinn awer liicht méi aarm. Mee mir hu jo uewe gesinn, sou genau sinn déi Zuelen net, si missten da schonn iwwer e puer Joer an déi selwecht Richtung weisen, fir datt een doranner kéint en Trend gesinn. Do musse mer dann also di nächst Joeren ofwaarden.

Grondsätzlech awer kënne mer festhalen: et bleiwe grouss Inégalitéite bestoen, an d’Politik ka sech nach laang net ausrouen!

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners