Et gëtt héich Zéit eppes ze ënnerhuelen.
Dass de Bildungsniveau an Europa e grousse Problem duerstellt wësse mer net eréischt zanter den Pisa-Etüden. Och zu Lëtzebuerg gëtt monter un eisem Bildungssystem reforméiert, driwwer diskutéiert an polemiséiert.
De jeeweilege Bildungssystem soll Wëssen vermëttelen an aus dem jeeweilegen Mënsch en selbstännegen a responsabelen Member an eiser Gesellschaft maachen. Ech well elo mech net un der aktueller Debatt zu Lëtzebuerg bedeelegen awer ech stelle fest, dass de Problem vill méi déifgréifend a komplizéiert ass wéi geduecht.
Di däitsch Assurancen Gesellschaft „ Allianz“ huet elo rezent eng Etüd iwwert di finanziell Grondbildung an Europa publizéiert. Des Etüd ass an 10 West-Europäesch Länner duerchgefouert ginn. Am November 2016 sinn jee 1000 Teilnehmer an Éisträich, der Belsch, Frankräich, Däitschland, Italien, Holland, Portugal, Spuenien, der Schwäiz an GB befrot ginn. (Et waren einfach Froen.)
Fazit: De Bildungsniveau an Europa a Saachen „ Finanzen“ ass ganz kleng!
D’Wëssen an West-Europa ( vun Ost-Europa guernet ze schwätzen ) a Saachen „ Finanzen“ ass erschreckend. Dobäi huet di weltwäit Finanzkris zanter 2009 eis knallhaart däitlech gemaacht, wéi wichteg eng finanziell Grondbildung ass. Di Ëmfro vun der „Allianz“ weist kloer, dass e Grondwëssen a punkto Finanzen a Risiken et de Mënschen erméiglecht di richteg finanziell Entscheedungen treffen ze kënnen an zwar bei Spuerméiglechkeeten, bei Investitiounen an bei de Finanzprodukter selwer.
D’Finanzthemen sinn haut, also no dem Finanzcrash an sengen Auswierkungen zanter 2009, omnipräsent an awer wëssen Europäer ganz wéineg iwwert Finanzen an Risiken. D’Éisträicher an di Däitsch hunn bei dëser Ëmfro am beschten ofgeschnidden. Manner wéi 20% woussten relativ gutt Bescheed. Froen, waat „ Risikostreeung“ bedeit woussten di wéinegst ze beäntweren. Fraen wëssen am wéinegsten Bescheed. Di manner wéi 35- Järeg wëssen bal guernet Bescheed. Et ass an engem héchsten Moss beonrouegend, dass sech de Wëssensstand -grad vu Fraen a Jugendlecher- an deenen leschten Joren net verbessert huet. Am Gegesatz zu eeleren a fréieren Generatiounen hunn di heideg jonk Generatiounen méi Verantwortung fir hir Finanz-a Pensiounsplanung ze droen. Grad si mussen sech also méi aktiv drëm këmmeren.
Di Ëmfro ass leider net zu Lëtzebuerg duerchgefouert ginn. Ween awer elo e mengt mir wären dach de Champion vun der Welt, dem soen ech knallhaart: a wa mir och esou gutt wéi d’Éisträicher oder di Däitsch wären, dann hätte mer awer eng sefteg Datz.
Des Situatioun ass net eleng eng Fro fir d’Politik, hei sinn all Träger an eiser Gesellschaft gefuerdert. An "last but not least" mir alleguerten.
Also wat maache mer?!