Ech war a menger laangjäreger aktiver Gewerkschaftszäit vill mat dem Index an domat och mat der Inflatioun beschäftegt. Kee Joer ass vergaangen an dem mer net an der Tripartite zesummen sutzen a wou mer eis iwwert di richteg Marschroute gestridden hunn.
Ech hunn Zäiten vun offener Inflatioun materlieft an och Zäiten vun galoppéierender Inflatioun.
Mir haten Joren, do gouf et 4 Indextranchen, awer d’Reegel war ëmmer 1 Indextranche pro Joer. Mir hunn och déi eng an déi aner Kéier an de System agegraff fir Problemer an der realer Wirtschaft entgéint ze steieren. Dëst ass awer ëmmer no Tripartite-Reuniounen am accord oder désaccord geschitt. Des schéngen di golden Joren 80 bis 2013 gewiergt ze sinn.
Mir hunn, ënnert anerem, mëttels dem Index ëmmer versicht de Wirtschaftskuch méi gerecht ze verdeelen! (Et gouf dofir awer och nach aner Instrumenter, wéi d’Steierpolitik, de Renten- an Mindestloun Ajustement vir nëmmen des dréi ze nennen.)
Wat ech awer elo zanter 5 Joer gesinn, dat ass nei; nämlech di schläichend Inflatioun.
Grad si mécht di Aarm méi aarm an di Räich méi räich
D’Akommesschéier ass zanter 2013 gewalteg auserneen gaangen. Net eleng bei eis, jo, awer och bei eis. An dat ass e grousse Changement.
Zanter 10 Joren mécht d’Europäesch Zentralbank eng niddereg Zënspolitik. Dat huet séi Guddes awer och leider vill Negatives. Den allgemeng nidderegen Préisniveau an der EU ass dat wichtegst Argument vun der EZB fir mat hirem Programm vu mat milliardeschwéieren Anleihenkeef virunzefueren. Des verstoppten Inflatioun gëtt allerdéngs net erfaasst.
Wann d’Praiser fir Haiser an Aktien ant d’Luucht ginn, dann ginn d’Besëtzer ëmmer méi räich. Déi, déi awer elo en Haus, oder eng Wunneng kafen wëllen, oder déi, déi elo Wäertpabeieren kafen, well um Spuerbuch Nullzensen herrschen, all déi kucken domm ant d’Wäsch.
Anescht ausgedréckt: D’Schéier tëschent der offizieller Inflatiounsstatistik an der Verméigenspreisentweckelung ass gewalteg auserneegaangen. Wa mer vun enger Inflatioun vun 1,1% schwätzen, da schwätze mer vun enger Inflatiounsrat bei Wunnechten an Aktien (also den Verméigenswerter) vun iwwert 8 %.
Di schläichend Präis-Inflatioun, dat ass déi Inflatioun, wou de Praisniveau ganz lues méi héich geet.
Dat ass déi Inflatioun, wou all Staat seng Scholden ofbaut.
Dat ass déi Inflatioun, déi dem Bierger kaum opfält.
Des Inflatioun ass awer gewalteg geféierlech, wann se iwwert en gréisseren Zäitraum unhält.
Mir hunn elo zanter 2013 eng schläichend Inflatioun hei zu Lëtzebuerg. Des Präisentwécklung huet eis méi aarm gemaach!
2013 haten mer eng Indextranche. 2017 hate mer och eng Indextranche. Dat ass alles.
Vum 1.1.2013 bis haut ass de Stonne-Mindestloun em ganzer 0,72.-Euro gestiegen. Am Mount mécht dat an enger Period vun iwwert 5 Joren eng Hausse vun 124,4.-Euro aus.
Am Joer 2016 si eis Renten em 0,5% ajustéiert ginn. Vun 2013 bis 2018 soss näischt ausser der Rei,.
Solle mir elo MERçI soen fir des Politik? !
Wann dat esou wieder geet, dann kritt eis Wirtschaft reale Schued. Eng Wirtschaft lieft vum Export awer och vum Banne-Konsum. An Däitschland hunn se jorelaang ausschliisslech Exportpolitik gemaach, mat dem Resultat, dass d’Akommes vun den Bierger ( also Paien a Renten) staark gefall sinn. Milliounen aarm Familljen, Milliounen aarm Kanner a Milliounen aarm Rentner sinn haut d’Realitéit an der räichster Wirtschaft vun der Welt.
Wa mir eis net elo op d’Been setzen, da gi mir dëse Wee och.