De Vize-Premier Etienne Schneider seet ëmmer erëm, dass des Regierung dach alles gutt gemaach hätt. Si hätt fir Wirtschaftswuesstem gesuergt, si hätt di ëffentlech Finanzen an Uerdnung bruecht an de Chômage wär ënnert Kontroll a géing erof.
Wat soll een elo vun esou Aussoen halen?
Net vill, oder d’Realitéit gesäit anescht aus!
Dass mer haut a maar e Wirtschaftswuesstem vun 4% an5% verzeechnen as bestëmmt net der Regierung hire Verdéngscht. Hei huet di international Konjunktur eis Wirtschaft gedriwwen. Dat war iwwregens ëmmer esou.
Sinn di ëffentlech Finanzen wierklech an Uerdnung?
Den Zentralstaat kennt en Defizit vun iwwert enger Milliard Euro an eis Staatsschold as net erof gaangen, mee au contraire erop.
Eng Regierung weist virun allem op se gutt regéiert, wann eng Kris an d’Haus steet. Wann d’Ekonomie gutt dréint, dann as villes einfach. Mee „gouverner c’est prévoir“. Also muss en och den Apel fir den Duscht op der Séit hun wann et erëm méi schlecht geet.
Den Apel as awer net do!
Mee den Apel war 2008/9 do, wéi di ganz Welt an eng riseg Finanzkris gefall as. Woumat sinn Fortis (haut BGL BNP Paribas) an Dexia (haut BIL) gerett ginn?! Woumat as 2009 e groussen Wirtschaftsprogramm lancéiert ginn fir eis Kleng-a Mëttelbetriber ze stëtzen?!
2008 an duerno hun responsabel Politiker di richteg Decisiounen hei an an Europa getraff, fir di beispillslos Finanz-an Wirtschaftskris géigenzesteieren.
Et war net einfach deemools an ech weess vun wat, dass ech schwätzen. Als deemolegen Gewerkschaftspresident hun ech och mat vill gemëschten Gefiller Decisiounen matgedroen. Haut weess ech, dass et di richteg waren. Haut weess ech wat et heescht „responsable Politiker“ sinn.
Wéi steet et dann mam Chômage?
Di 34000 Betriber zu Lëtzebuerg realiséieren all Joers em 120000 Astellungen. Dovunner sinn eng 11000 nei Aarbechtsplazen. De Staatsminister Bettel sot dozou am Februar „Malgrés ces chiffres encourageants le chômage ne recule pas de façon suffisamment importante ».
Den Beschäftegungsminister Schmit wëllt, statt de Chômage ze finanzéieren, léiwer an Aarbecht investéieren. Dofir wëllt hien elo Gemengen ënnerstëtzen di secher Aarbechtsplazen fir Laangzäitaarbechtsloser schafen. E Pilotprojet richt sech un 11 Gemengen aus dem Süden. Di Idee as net nei,et gëtt se schonns zanter der Stolkris ufangs der 80erJoeren.
Mee, am Mäerz vun dësem Joer waren 7425 Aarbechtsloser méi laang wi 12 Méint ouni Job.
Wéi d’Gemengen elo dëse Problem léisen sollen, seet de Minister net.
Awer den Här Schmit fält léiwer an Selbstgefällegkeet: „ D’Resultater vun enger Etüd weisen, dass d’Reform vun der ADEM wierklech hir Friichten droen.“Sou seng Wieder.
Fir dës Etüd waren 6400 Betriber kontaktéiert ginn. Awer nëmmen 1749 Betriber hun bei dëser Etüd iwwert d’Funktionéieren vun der ADEM matgemaach, dat sinn 27,23%.
Also " alles in Butter "!?
Fir e Minister, den esou wéit vun der Realitéit ewech as, verstinn ech, dass hien fir sech selwer léiwer eng nei Aarbecht sicht.