Mol net e « MERCI » !
Just virun der grousser Vakanz hat d’ABB-L, d’Associatioun vun de Banken an de Banquieren op eng traditionell Feier gelueden. Bei dëser Geleeënheet huet de President vun der ABB-L, a Präsenz vum Finanzminister Pierre Gramegna, an senger Ried 5 Punkten ugeschwat, déi de Banquieren zu Lëtzebuerg besonnesch um Häerz leien. Doropshin ass de Finanzminister Pierre Gramegna anscheinend regelrecht ausgeflippt an huet den Banquieren virgeworf, si hätten him an och der Regierung kënne wéinstens « MERCI » soen , fir all dat wat an deenen leschten 2 Joer fir si gemat gi wär.
Esou wéit dësen Zwëschefall, den sécherlech virun allem di auslännesch Banquieren mat vill Erstaunen awer och Entrüstung zur Kenntnis geholl hunn.
Éischtens ass et verwonnerlech, dass e Minister e « MERCI » erwaart an och verlaangt, fir dat wat en geschafft huet an och als eigentlech Aufgab ze maachen huet.
« Minister » heescht dach net vir näischt aus dem laténgeschen eraus « dengen ». Seng Aarbecht ass also, sengem Vollek dengen !
An zweetens ass mir net bekannt, dass d’ Patroen schonns eng Kéier « MERCI » gesot hätten. Si fuerderen, si halen de Beidel op, awer si sinn net dankbar.
Ech hunn a menger Carrière als Gewerkschaftspresident vill Tripartite-Sitzungen mat erlieft. Ech hunn ni e « MERCI » héieren. Ech weess awer, dass d’Fuerderungen an d’Fantasie op der Patronatssäit keng Grenzen kannt hunn a kennen. Hei setzen knallhaart Kapitalisten, déi onermieslech um Staatssäckel suckelen an och dat schaffent Vollek am léifsten plakesch ausdoe géifen.
De Pierre Gramegna sutz an sengem virrechent Liewen och mat um Dësch op der Patronatssäit. De Pierre Gramegna huet ni ëffentlech den Ministeren vun CSV,LSAP an DP « MERCI » gesot. Hien misst dach beschtens wëssen wéi verfroossen d’Kapitalisten sinn. Also, wou kennt dann elo des sensibel Oder hir ? Oder hunn all di aner Finanzministeren näischt fir eis Finanzplaz a Wirtschaft gemat ?
De Kapitalismus steet dach fir eng Wirtschafts- a Gesellschaftsuerdnung, di duerch Privatbesëtz vun de Produktiounsmettelen, privatem Entrepreneurship, dem Prinzip vun der Profitmaximéierung, d’Steierung vun der Wirtschaft iwwert de Maart, de Wettbewerb, d’Rationalitéit an dem Individualismus gekennzeechent ass.
Dem géint iwwer stinn d’Gewerkschaften, déi versichen eng sozial Korrektur an des Maartwirtschaft eranzebréngen. A leeschten d’Politik, déi fir Gerechtegkeet, Wuelstand fir jiddereen an eng gerecht Verdeelung ze suergen huet.
Gottseidank haten mer an deenen leschten 100 Joer staark Gewerkschaften.
All Arbeitnehmer misst wëssen, dass mir och an der Zukunft staark Gewerkschaften brauchen.
De Soziale Fortschrëtt ass nach ni vum Himmel gefall !
Ech soen iech awer MERCI fir d’Nolauschteren.