Zanter dem Ufank vun der internationaler Finanzkris am Joer 2008 ass Muenches a Bewegung geroden. Di weltwäit Kris ass géigegesteiert ginn mat staatlechen Ennerstëtzungsprogrammen. Milliarden vun Gelder sinn aus der ëffentlecher Hand an Banken gefloss. Awer och fir di Realwirtschaft sinn Milliarden schwéier Investitiounsprogrammer lancéiert ginn. Fir dass all dat vill Geld net d’Inflatioun unheizt huet d’Europäesch Zentralbank - EZB – eng ganz Partie Moossnamen ergraff , dorënner och eng Niddreg-Zens Politik.
Domat stellt virun allem di Realwirtschaft kräfteg incitéiert ginn fir real Investitiounen ze lancéieren an domat och Aarbechtsplazen ze schaffen. Esou guer de neien EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker ass mat engem Milliarden schwéieren Investitiounsprogramm gestart.
Nach haut sinn d’Folgen vun der internationaler Finanzkris net ganz iwwerwonnen. Et sinn awer och am Laf vun den Joren Noriichten opgetaucht,déi méi transparent gemaach hunn wat an der internationaler Finanzwelt esou alles gedriwwe gouf. Banken hunn illegal Ofsproochen praktizéiert, illegal Geschäfter gemaacht, Verspekuléiert, Clienten bedruch, Steierhannerzéiung am grousse Stil praktizéiert, avm. Esou huet zB. Di Däitsch Bank wéinst Hypothekenbedruch an den USA méi wéi 7 Milliarden Dollar Strof missten bezuelen. Des Bank wär och matschëlleg un dem Ausléiser vun der internationaler Finanzkris. Awer si steet net eleng do.
Hutt dir héieren op dowéinst jeemools een an de Prisong komm ass?
Nach haut erweisen sech d’Kontrollen an der Finanzwelt als inefficace. Dat Ganzt ass aus dem Rudder geroden an keen traut sech hei d’Fangeren ze verbrennen.
D’Politik huet opginn. Och verstinn d’Politiker dat ganzt Gebären an der Finanzwelt net méi, an déi di et verstinn, dat sinn d’Lobbyisten vun den Finanzjongleuren.
Virun 2 Joren hunn d’Bankieen ugefaangen ze kräischen.
Et gouf du Zéit vir eng nei Strategie ze lancéieren. Nodeems an deenen Joren zanter 2009 lues awer regelméisseg un den Kommisiounsgeschäfter gefréckelt gouf, ass d’Zéit elo komm fir en neien Zäitalter anzelauden.
Salop a kuerz ausgedréckt: Zéit vun den Servicer an der Kontoféierung di näischt kaschten ass eriwwer!
Geldophiewen kascht, alles wat net online gemaach gëtt kascht, esouguer Geldplazéieren kascht an um Spuerbuch gëtt et souwisou näischt.
Di kostenlos Mentalitéit ass eriwwer, verkënnegen d’Bankieren!
Dobäi gouf et des kostenlos Mentalitéit an de Banken souwisou ni!
Ech liesen, dass de Wettbewerb ënnert de Banken ganz haart ass. Ech liesen awer och, dass wann et em Käschtenerhéigung fir de Client geet, dann sangen d’Bankieren aus engem Mond di schéinsten Arien.
D’Politik vun der EZB gëtt also vun den Banken géigegesteiert op Käschten vum Bierger. Der EZB hir Politik ass vun hinnen ni richteg akzeptéiert ginn. A wat si net wëllen dat muss ewech!
Si leen sech awer elo méi clever un: D’Gebüren fir de Client ginn drasteg erop gesat, di Null-Käschten Mentalitéit ass eriwwer, an d’Zënsen ginn deemnächst souwisou erop.
Di Niddreg-Zens Politik geet hirem Enn zou !
An wat seet d’Politik, wat soen d’Ministeren, den zoustännegen Finanzminister, den zoustännegen Konsumentenminister …………. Näischt!
Ech fannen dem Konsumenteschutz seng Campagne géint dësen Unfug richteg.
Ech hoffen, dass dir des Campagne all ënnerstëtzt!