Schaffen 4.0 steet géint iwwer Industrie 4.0. Den Här Rifkin huet zu Lëtzebuerg eng Debatt lancéiert wéi mir sollen di véiert industriell Revolutioun - Industrie 4.0 - virbereeden.
Dat as richteg a wichteg. Mir mussen eis Gedanken maachen iwwert dat wat moer op eis alleguer zoukënnt. Eis Autoen sollen ouni Chauffeur fueren, Haiser ginn aus 3-D-Druckeren gebaut, Boergeld gëtt iwwerflësseg, de Roboter operéiert de Mënsch, Clouds a riseg Datensammlungen beaflossen de Mënsch ëmmer méi asw asw . D’Revolutioun vum Digitalen bestëmmt eist ganz Liewen.
All dat werft vill Froen op, gëtt awer wéineg Äntwerten!
Sécher as: D' Mënschheet erlieft net di éischt industriell Revolutioun.
Awer wa mer och vill iwwert Industrie 4.0 schwätzen, esou schenkt mer méi wichteg iwwert Schaffen an Aarbecht 4.0 nozedenken. Hei beschränkt sech Diskussioun net op méi flexibel Aarbechtszäiten. Des Thematik as vill méi komplex! Mir wëllen all eng gutt, sécher a gesond Aarbecht. Mir wëllen e gerechte Loun fir eis Aarbecht. Mir wëllen di schwéier erkämpften aarbechtsrechtlech a sozial Standarden mat an di Aarbechtswelt 4.0 huelen. Awer wéi geléngt eis dat, wuelwessend, dass et Kräfte gëtt, déi dat verhënnere wëllen.
Hei sinn sécherlech d‘ Gewerkschaften gefuerdert, awer och Salariéen all.
Den, den elo mengt hien kéint alles eleng reegelen, den huet sech fir d’Liewen geiert.
De Monitoring-Rapport Digital Wirtschaft 2014 weist op, dass d’Entwécklung schonn wéit virugeschratt as, och wann Digitaliséierung an deenen eenzelen Wirtschaftsbranchen nach ennerschittlech ausfëllt. Am stäerksten digitaliséiert sinn Telekommunikatioun Verlagswiesen, Medien,Radio an Télé. En héijen Digitaliséierungsgrad kennen och IT-an Informatiounsgesellschaften, grad wéi Finanzservicer, awer och d’Produktiounen vun Datenveraarbechtungsapparaten, elektresch an optesch Produkter an d’Autosindustrie. Am Mëttelfeld leien Handel, Elektrotechnik an de Maschinnebau. Aner Branchen wäerten an deenen nächsten Joren verstäerkt derbäi kommen, wéi Verkéier a Logistik awer och d’Waasser- an d‘ Energieversuergung.
Nei Aarbechtsplazen wäerten entstoen, anerer wäerten ewechfalen.
Wat gëtt aus der Humaniséierung vun der Aarbecht?
Wéi wéit gräift eist Aarbechtsrecht nach an der digitaliséierter Welt?
En Aarbechtsliewen dauert an der Zukunft och nach ëmmer mindestens 40 Joer!
Wéi gëtt eist Sozialrecht beaflosst?
Wat gëtt aus der Matbestëmmung?
Dat sinn nëmmen e puer Gedanken fir Aarbecht a Schaffen 4.0.
Eent weess ech als Gewerkschaftler awer sécher : Bei der zukünfteger Gestaltung vun der Aarbecht bleiwen di sozialpartnerschaftlech Léisungen vun zentraler Bedeitung.
De Kollektivvertrag an de Betriber ka villes fir e Betrib reegelen; Gesetzer a Reglementer mussen de leschten Wee sinn.
De Conseil Economique et Social huet sech schonns an den Joren 2001, 2002 an 2003 vill Gedanken iwwert Digitaliséierung vun eiser Gesellschaft gemaach an iwwert „ Travail zéro“.
D’Aarbecht wäert eis also net ausgoen!