RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Roland Pinnel, 09/10/2017


Listen Later


Erlaabt, dass ech mech virstellen: Mäin Numm ass    …..  euuh, entschëllegt, ech hunn nach keen. Mä Dir kennt mech trotzdem bestëmmt alleguer.

Ech sinn nämlech deen neien Tuerm op der «Cloche d’Or» an ech wäert  elo geschwënn ageweiht ginn. Da wäerten der bestëmmt ganz vill happy sinn.

Ech si mer nach net richteg eens, ob ech dann elo e Waassertuerm oder e Liichttuerm sinn. Eent ass awer sécher: ech fannen, dass ech ganz gutt gerode sinn an ech wäert bestëmmt vill Opmierksamkeet op mech zéien.

Et gëtt gesot, ech wär esou eppes wéi eng « landmark » an der Landschaft. Oh jo, ech si richteg houfreg, eng onverkennbar Maark vun dësem neie Quartier ze sinn.

Ech ka mech eigentlech nëmmen driwwer wonneren, dass se mech iwwerhaapt als Tuerm, dee Waasser  späichere soll, gebaut hunn. Ech hu mer nämlech vun Expertë soe gelooss,   dass d’Waasserverdeelung haut op eng ganz aner Aart a Weis organiséiert gëtt. Esou eppes géif neierdéngs iwwer Buedemreservoire geschéien; wat iwwregens vill méi effikass an och souguer am Endeffekt méi bëlleg wär.

An dann hu se mer och nach eng ganz speziell Haut ugedoen. Mat dësem Kleed wäert ech nuets an alle méigleche  Faarwe strahlen. Dat wäert d’Leit sécher déif impressionnéieren. Ech froe mech allerdéngs, ob dat nach kompatibel ass mat dem «Leitfaden für besseres Licht», deen den Nohaltegkeetsministär am Gaang ass auszeschaffen.

D’accord, dee Mäntelchen, deen se mer ugehaangen hunn, besteet aus LED-Luuchten. Mä ech sinn der Meenung, dass dat och nach net dozou bäidroe wäert, fir d’Liichtverschmotzung  ze verbesseren. An dobäi weess ech allze gutt, dass mer eis hei zu Lëtzebuerg a puncto « lightpollution »  net ze bretze brauchen. Ech hunn nämlech an enger rezenter Étude geliess, dass elo schonn 20 % vun eise Gemengen eis Ëmwelt mat enger Liichtintensitéit belaaschten, déi wäit iwwert der Moyenne vun dem Zoulässege läit.

Dir verstitt, dass et mir als Liichttuerm awer selbstverständlech aliicht, dass mer vläicht genee op där Plaz, wou se mech higebaut hunn, eng zousätzlech Liichtquell brauchen. An zwar fir bessert Liicht an den Urbaniséierungsplang vum « Ban de Gasperich » eranzebréngen. Well ech muss soen, ech hunn es elo scho sat, mer wiertes missen dee Verkéierschaos, deen et do gëtt, unzekucken. A wat hunn ech do dëslescht verlauschtert ? Do géif e Päerd ronderëm lafen, dat vun hannen opgezaimt gi wär. Um Gasperecher Bann wär amenagementsméisseg nämlech sou muenches schif gaangen. Obschonn 13 Joer doru gebastelt ginn ass !? T’ass bal net ze gleewen, do sinn tatsächlech  fir d’éischt d’Haiser gebaut ginn an duerno eréischt d’Stroossen!

A wie soll dann do beim Stadentwécklungsplang– fir a mengem Jargon ze schwätzen – eventuell kee Liicht vu Gott gehat hunn ?!?

 



...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners