Gëtt et e Paradigmewiessel an der Noriichtewelt ?
De Roland Pinnel, Éirendirekter vum Luxembourg City Tourist Office, stellt sech d’Fro, ob et e Paradigme- wiessel an der Noriichtewelt gëtt. Wat hien domat mengt, seet hien eis a senger «carte blanche».
Ech ginn emol dovun aus, dass mer eis all – oder bal all – eens sinn, dass d’Aart a Weis, wéi de Moment déi aner Säit vum grousse Pull mat dem Duerstelle vun Nouvellen an de Medien ëmgaange gëtt, méi wéi problematesch ass.
A bei eis? Sinn net och mir dacks vun Informatiouns- quellen ofhängeg, déi net ëmmer eng neutral Duerstellung vun den Tatsaachen erëmginn?
Dofir kann ee sech froen, ob haut, an Zäiten, wou vu fakenews an alternative facts geschwat gëtt, et net tatsächlech e Paradigmewiessel an eiser Noriichtewelt gëtt. Wéini ass eng news e fake a wéini gëtt e fake zur news? Vill verzerrten Noriichten maachen et leider ëmmer méi schwéier, un objektiv Informatiounen erunzekommen. Genee dat ass d’Quadratur vum Krees.
Et wäert dach hoffentlech net nach esou wäit kommen, dass mer no der Devise vun den dräi Afen handelen: nëmmen näischt héieren, näischt gesinn an näischt soen! ’t géif nach just feelen, dass et och nach e véierten Af géif ginn, deen als Grondastellung hätt: wann ech glift, och nëmmen näischt maachen!
De Stéphane Hessel hat an deem Sënn scho Recht, wann e geschriwwen huet, déi schlëmmsten Haltung wär déi, wann et engem «egal» wär. Logescherweis kënnt hien da mat sengem berühmte Saz zur Conclusioun: Indignez-vous!
Esou eng Opfuederung kann awer och hannen erëmschloen. Wéi - zum Beispill - dat, wat a Frankräich mat de «gilets jaunes» am Gaang ass ze geschéien. Och do gëtt sech indignéiert. Awer bestëmmt net am Sënn vum zitéierten Auteur. Deen huet nämlech – an dat gëtt dacks vergiess - niewent der indignation och zu gläicher Zäit fir d’non-violence plädéiert.
Dës schro Evenementer beleeë kloer, dass et ebe guer net esou einfach ass, de Spagat tëschent Usproch a Realitéit ze schaffen. D’Duerstellung dovun an de Medie mat abezunn.
An et gëtt nach manner einfach, wann dann och nach Leit vu vir eran déi konventionell Medien a Fro stellen an da vu «betreitem Denken» schwätzen. Besonnesch dann, wa Faiten an der Press rapportéiert ginn, déi hinnen net an de Krom passen.
Wéi soll een da bei Nouvellen iwwerhaapt nach den Ënnerscheed tëschent Informatioun an Desinforma- tioun gemaach kréien?
Éierlech gesot: ech wees et net. An dofir géif ech nawell gär als Äntwert de Bob Dylan zitéieren, dee gesong huet: The answer, my friend, is blowin’ in the wind.