RTL - Carte Blanche

Carte Blanche Roland Pinnel, 19/10/2016


Listen Later


Léif Botschafterinnen,
Léif Botschafter,

Oder muss ech soen?
Léif Ambassadricen a léif Ambassadeuren,

Egal. Et ass op alle Fall esou, dass mir jo all zënter der leschter Woch Ambassadeure sinn. Wéi huet et nämlech bei där grousser Presentatiounskonferenz vum neien « image » vum Land geheescht ? Déi eenzeg valabel Botschafter fir eist Land an Europa an an der Welt si mir selwer – mir alleguer.

Jidderee vun eis ass also elo Botschafter.

A wat ass eis Botschaft oder - fir et am moderne Jargon ze soen – «what’s the message»? Majo, mir sollen déi Valeuren, déi Lëtzebuerg ausmaachen, no baussen droen. An dat wären déi dräi Eegeschaften Oppenheet, Zouverlässegkeet an Dynamik.

A wéi solle mer dee Message «véhiculéieren» ? Ma iwwert eng nei Typographie vum Numm Lëtzebuerg – pardon -  
L U X E M B O U R G   mat dem Ënnertitel
«LET’S MAKE IT HAPPEN».

Ech ginn einfach d’Gefill vum «déjà vu» net lass. Ersetze mer dach deen ale Logo « .LU » vum Schrëftzuch LUXEMBOURG duerch - wéi een dat nennt - en «accident graphique». An zwar duerch en ëmmodeléierten rout bloen « X ». Dat Ganzt ergänzt duerch déi sougenannten «tagline» «LET’S MAKE IT HAPPEN». Eng Ausso, déi iwwregens - ënner Ëmstänn - méi wéi ambivalent ka sinn.

Et kann een déi nei visuell Identitéit vum Land elo gutt oder schlecht fannen, originell oder flaach, super oder schwaach.

Am Däitsche gëtt et e flott Bild, dat nawell eenegermoossen dat erëmgëtt, wat ech bei dëser neier visueller Communicatioun spieren: « Der Berg kreißte und gebar … eine Maus ». Oder,  er gebar einen « X ». Et sief. D’Haaptsaach schéngt ze sinn, «er gebar».

Datt mir eis net falsch verstinn! Selbstverständlech ass d’Iddi, dem Land en neie « claim » ze ginn, eng gutt Saach. Et ass jo och héich Zäit ginn, datt eppes geschitt ass. Ëmmerhin hu mer fir dee Projet eng Gestatiounszäit gehat vu bal 20 Joer.

D’Fro bleift allerdéngs, ob deen neie Visuell - oder wéi et richteg heescht - déi nei «signature» dat erëmspigelt , wat Lëtzebuerg wëll sinn. Oder nach besser, wat Lëtzebuerg tatsächlech ass. Mol kucken, wéi si vun de Lëtzebuerger opgeholl an ëmgesat gëtt. Och ënnert anerem vun institutionnelle Partner, wéi Gemengeverwaltungen oder soss ëffentlech Träger.

Doriwwer eraus geet et awer haaptsächlech ëm d’Perceptioun vun eisem Land aus der Siicht vun de Leit dobaussen am Ausland. Sou wéi   s i    eis gesinn a wat   s i   vun eis denken.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners