RTL - Carte Blanche

Carte Blanche Roland Pinnel, 20/01/2017


Listen Later


War Der och an d’Vakanz? Oder besser gefrot: war Der och op d’Vakanz? Ech mengen déi Vakanz vum leschte Week-end, de Salon «Vakanz» an der Luxexpo um Kierchbierg.  Hie war ganz flott an hat trotz deenen zum Deel ongënschtege Wiederbedingungen e grousse Succès.

D’Stänn vun den Exposante ware wonnerbar erausgefiizt. All Aussteller an all Destinatioun huet sech vun der Schockelassäit gewisen. Ee wollt deen aneren a senger Duerstellung iwwertrompen.

A propos Destinatioun an Duerstellung. Hutt Der och dee schéine Stand, fir net ze soen dee schéine Pavillon, vu Lëtzebuerg gesinn? E war wierklech gutt geroden a mir hunn eis mat deem neie Visuell exzellent presentéiert.  Mir hunn - wéi huet et scho méi dës lescht beim Virstelle vun eiser Participatioun un der Weltexpo zu Dubai geheescht ? Mir hunn - Lëtzebuerg verkaf. Mir haten zwar viru ronn 150 Joer schonn eng Kéier een, dee Lëtzebuerg verkafe wollt. Dat wëlle mer jo haut bestëmmt net méi. Beim Dubaier Beispill war wuel gemengt: mir wëllen  d’ D e s t i n a t i o u n  Lëtzebuerg  verkafen. Am Fachjargon heescht dat: mir maachen «Destination sales».

Esou wäit, esou gutt.

Mee, ass Iech op dem Salon « Vakanz» opgefall, wéi mer eist Land mat sengen touristesche Regiounen neierdéngs duerstellen?

Et gëtt zanter dem leschte Joer eng touristesch Regioun, déi heescht ewell «Guttland-Zentrum/Westen». Wann et also eng  Regioun gëtt, déi esou heescht, da misst et eigentlech  logescherweis och nach e Guttland «Zentrum/Norden» ginn; an eent  «Zentrum/Süden» an och nach eent  «Zentrum/Osten». Dat gëtt et awer net. An dat ass och gutt esou, well dat wär komplette Mumpitz.

Wat awer d’Billerkëscht bei den Touristen trotzdem nawell allerhand duerchernee bréngt, ass folgenden Ëmstand: et gëtt jo scho souwisou am Land eng geografesch oder geologesch – nennt et wéi Der wëllt – Géigend, déi «Guttland» heescht. Grad esou wéi et eng Géigend gëtt, déi  «Éislek» heescht. An zum Guttland gehéiert nun eben net nëmmen déi erwähnten touristesch Regioun «Guttland-Zentrum/Westen», mee dozou gehéieren och nach déi dräi aner touristesch Regiounen, déi do heeschen «miselerland», «Mëllerdall» an «Terres Rouges», nieft och nach der Stad.

Fazit : Fir d’Leit net ze verkuerbelen, wär et net schlecht gewiescht, de Begrëff «Guttland» do ze loossen, wou en  higehéiert. Nämlech an de geografesch/geologesche Beräich an net an d’Denominatioun vun enger vun de véier touristesche Regiounen, déi et am «Guttland» gëtt.

Dat hätt bestëmmt dem Guttland an dem Land gutt gedoen. Och an ebe beim Verkafe vu Lëtzebuerg. Pardon, beim Verkafe vun der touristescher Destinatioun Lëtzebuerg.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners