RTL - Carte Blanche

Carte Blanche Roland Pinnel, 31/03/2017


Listen Later


Gell, mir sinn eis jo all eens, dass Lëtzebuerg eng oppe Stad ass. D’Fro ass just déi, wat een ënner enger «oppener Stad»  versteet.

Et huet emol eng Kéier eng «Action Luxembourg Centre – Luxembourg Ville    O u v e r t e »   ginn. Déi sougenannten oppe Stad war eng Initiative vun der Geschäftswelt vun der Uewerstad.

Am wuertwiertleche Sënn kann een «Lëtzebuerg, oppe Stad» awer och nach ënner dem Bléckwénkel vun enger Stad gesinn, an där et am Buedem vill grouss Lächer  gëtt, och nach Chantiere genannt. Do hu mer et de Moment nun awer wierklech mat enger ganz oppener Stad ze dinn.  Wéi heescht et dach esou schéin?  Eng Stad ouni Schantercher wär eng doudeg Stad.  Dann hu mer et haut esouguer mat enger regelrecht hyperaktiver Stad ze dinn.

«Oppe Stad» kann awer och nach am iwwerdroene Sënn verstane ginn; als «open minded». Dat ass d’Stad Lëtzebuerg ganz bestëmmt, an d’Bezeechnung «multiplicity» dréit deem perfekt  Rechnung.

Ech wëll allerdéngs hei vun enger nach anerer oppener Stad schwätzen, nämlech vun där, déi mer dëst Joer zanter genee 150 Joer sinn. War et dach den 11. Mee 1867, wou dee fir d’Stad enorm wichtege Vertrag vu London ënnerschriwwe ginn ass.  Laut deem Traité hunn, ënnert anerem, der Stad hir Festungswieker missen zerstéiert ginn.  Eréischt dunn huet si hire joerhonnerten ale Korsseli ofgeluecht a si ass eng «oppe Stad» ginn. Esou konnt si sech, no engem net ëmmer einfache städtebauleche Parcours, zu där Stad entwéckelen, déi mer haut kennen.

Et ass an deem Kontext absolut ubruecht, dem 150. Joresdag vum 11. Mee 1867 speziell ze gedenken. Also a genee sechs Wochen. Wéi an der Tëschenzäit bekannt, hunn eis Autoritéite jo do eppes ganz Spezielles am Schna. D’Visite vun der Duchesse vu Cambridge zu Lëtzebuerg gëtt där Zelebratioun bestëmmt e besonneschen Eclat. Dat ënnersträicht  ëmsou méi d’Bedeitung vum Joer 1867 fir déi spéider urbanistesch Evolutioun vun der Stad an och fir déi allgemeng Entwécklung vum Land.

Et ass och gutt a richteg, dass dëst Evenement  termingerecht commemoréiert gëtt, dat heescht den 11. Mee selwer. An net, wéi et um Enn vum leschte Joer bei der ëffentlecher Feier vum 125. Anniversaire vun eiser Dynastie geschitt ass. Déi Gedenkfeier ass nämlech net 125 Joer, nodeems den Adolph Grand-Duc ginn ass, organiséiert ginn, mee exakt 126 Joer a 15 Deeg duerno !

Gott sei Dank klappt et da wéinstens dës Kéier besser mat dem  Datumsmanagement. Well d’Fester soll ee jo bekanntlech esou feiere wéi se falen!

        

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners