RTL - Carte Blanche

Carte Blanche: Rüstungsspiral = Angschtspiral, 18/04/2018


Listen Later

     Rüstungsspiral = Angschtspiral

     
Et ass eng frappant Feststellung, datt verschidde psychologesch Mechanismen, déi d’Verhale vun Eenzelpersounen erklären, och op engem kollektiven Niveau zum Droe kommen. Ee vun dëse Mechanismen ass dat sougenannt asymmetrescht Angschtempfannen. Domat gemengt ass d’Tatsaach, datt de Mënsch seng eegen Angscht als méi reell erlieft wéi déi Angscht, déi hie selwer bei aneren ausléist. Mir si vun der Evolutioun esou programméiert, datt mir séier an hefteg op Gefore vu bausse reagéieren, emgedréint awer nëmme schwéier kënnen novollzéien, datt anerer eist Verhalen als Bedrohung ugesinn.
Dës emotional Verzerrung vun der Realitéit erkläert esou munche Phänomen an den internationale Relatiounen. Sou haten am Kale Krich béid Säite regelméisseg d’Gefill,  militäresch ënnerleeën ze sinn. Ee konkret Beispill ass déi amerikanesch Obsessioun vum « missile gap » um Enn vun de fofzeger Joren. Duerch esou en asymmetrescht Angschtempfannen kann ni e richtegt Gläichgewiicht vun der Ofschreckung erreecht ginn.  Egal wéi d’Situatioun sech presentéiert, et huet ëmmer eng Säit den Androck, missen nozeleeën.
Datt sou eng Spiral awer och kann duerchbrach ginn, dat hunn d’Enn vum Kale Krich an déi domat verbonnen Ofrüstung gewisen. Deemools hat een den Androck, d’Mënschheet hätt e grousse Sprong no vir gemaach. Et war eng Zäit vun Euphorie, eng Zäit, wou déi fréier Sowjetunioun net méi als Bedrohung ugesi gouf, mee als zukünftege Partner an engem Kader, deen de Michail Gorbatschow « dat gemeinsamt Haus Europa » genannt huet.
Knapp drësseg Joer duerno ass vun dëser Opbrochstëmmung net méi vill iwwreg. Op béide Säite gëtt erëm fläisseg un der Rüstungsschrauf gedréint. Engersäits hu mer eng no Osten erweidert NATO, déi mengt, erëm méi Stäerkt weisen ze mussen ; anerersäits wiisst a Russland d’Gefill, am Zaangegrëff vu feindlech gesënnte Staaten ze sinn, wat sech an enger muscléierter Aussepolitik nidderschléit. En Däiwelskrees, deen engem e Gefill vun « déjà vu » gëtt.
An dësem net ongeféierleche Kontext ass et un Europa, eng mässegend Roll ze spillen a ganz kloer neen zu engem neie Wettrüsten ze soen. Mir brauche keng Twitterrhetorik a keng Opdeelung vun der Welt a Gutt a Béis, mee eng pragmatesch Politik, déi och d’Argumenter an d’Sensibilitéit vun der Géigesäit mat abezitt. A grad mir westlech Länner wiere gutt beroden, och emol virun der eegener Dier ze kieren : déi verfuere Situatioun am Irak, a Libyen an a Syrien geet zum Deel op eis Kap an ass d’Resultat vun engem kuerzsiichtege militäreschen Denken an engem naive Glawen un eng séier Verpflanzung vu westleche Strukturen.
De Bléck an d’Vergaangenheet mahnt eis also zur Bescheidenheet a weist, datt villes méi relativ a komplex ass, wéi et op den éischte Bléck erschéngt. Esou eng Erkenntnis ass keen Zeeche vu Schwächt, mee e wichtege Schrëtt eraus aus gläich zwou Spiralen : déi vun der Angscht – an déi vun der Iwwerhieflechkeet.
13ten - Lucky Luc
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

65 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners