RTL - Carte Blanche

Carte Blanche: Schutz vun de Locatairen, 16/04/2018


Listen Later

Bekanntlech gëtt et zu Lëtzebuerg eng akut Wunnengskris. Während Joerzéngte gouf de Wunnengsbau vrun allem dem fräie Maart iwwerlooss; deen huet et awer net fäerdeg bruecht genuch Wunnengen ze produzéieren. Déi successiv Regierungen ënnert dem Här Juncker hunn Spekulatioun op Bauterrainen an Immobilien ongebremst weiderlafe gelooss. Déi aktuell Regierung seet zwar, sii hätt de Problem erkannt, mee sii huet awer kee Konzept, wéi an deenen nächsten 10 Joer déi 65.000 bis 75.000 Wunnenge gebaut solle ginn, déi hei am Land gebraucht ginn.
Mee haut wëll ech op ee spezielle Problem hiweisen, dee mat dëser Wunnengskris ze dinn huet. An zwar d’Situatioun vun de Locatairen.
Wunnen ass ee Mënscherecht. Sou steet et am Sozialpakt vun der UNO an och an der Sozialcharta vun der Europäescher Unioun. Zu dem Mënscherecht op eng ugemoosse Wunneng gehéiert, datt Staaten a Regierungen verflicht sinn, Moossnamen z‘ergreifen, fir d’Wunnkäschten sou ze gestalten, dass se fir jiddereen erdrobar sinn. An dat ass zur Zäit net méi de Fall.
Wien sech keng Wunneng kafe kann, muss eng Wunneng loune kënnen. Dat ass aktuell fir 30% vun alle Stéit de Fall. An der Stad sinn et scho 50% vun de Wunnengen, déi gelount ginn. An déi meescht jonk Leit kënnen sech kaum nach eng Wunneng kafen, wann hier Elteren hinnen net dobäi hëllefe kënnen. Ëmmer méi Mënsche sinn deemno drop ugewisen, eng Wunneng zu engem bezuelbare Preis lounen ze kënnen.
Geréngverdéngend Stéit sollen dofir op eng Sozialwunneng zréckgräife kënnen. Ee Normalverdénger soll sech eng Wunneng zu engem Loyer leeschte kënnen, deen engem normalen Akommes entsprécht. An dovun si mer ëmmer méi weit ewech. 2016 hunn 35% vun alle Locatairë méi wéi een Drëttel vun hiren Akommes fir de Loyer ausgi mussen; Tendenz steigend.
Ee Loyer, deen sech am Joer 1995 op 1.200.- € belaf huet, kéint am Joer 2016, op Grond vun der Liewensdeierecht, 1.800.- € bedroen. Dat ass eng normal Entwécklung. Da aktuellt Loyersgesetz léisst awer zou, datt dee Loyer, op Grond vun der Entwécklung vun den Immobiliëpräisser, elo op 4.500.- € klamme kéint! Dat ass net akzeptabel. Fir dat ze änneren, misst dat aktuellt Loyersgesetz dréngend reforméiert ginn, sou wéi d’Deputéiert Marc Baum an David Wagner dat Ufank Mäerz an enger Gesetzespropositioun virgeschloen hunn.
An zwar sou, datt d’Loyeren net méi parallel zu den Immobiliëpräisser klammen, mee just souvill, wéi d‘Kafkraft vun de Leit. An dee Maximum duerf – am Géigesaz zu bis elo – dann och net méi iwwerschratt ginn.
Och bräichte mer eng national Loyerskommissioun, an der souwuel d’Locatairë wéi d’Propriétairë vertruede sinn, fir de Respekt vun de Loyerspräisser z’iwwerwaachen.
Wunnen ass kee Spekulatiounsobjet. Wunnen ass ee Mënscherecht. Dofir brauche mir dréngend eng Reform vum Loyersgesetz, fir sou deem schwächste Partner um Wunnengsmaart, de Locataire, ee wierksame Schutz ze bidden.


...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

63 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

14 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners