RTL - Carte Blanche

Carte Blanche: Tiers payant généralisé, 23/02/2018


Listen Later


Den nächste Méindeg soll an der Chamber d’Petitioun Nr. 922 verhandelt ginn, nodeems se 7343 Ënnerschrëfte kritt hat. Déi Petitioun fret, datt een an Zukunft bei engem Dokteschbesuch net méi muss d’Geld fir d’Rechnung virstrecken, mee datt se direkt vun der Gesondheetskeess iwwerholl soll ginn. Säit 2013 gëtt et, no laangem Waarden, heizelands den Tiers payant social, dat heescht datt opgronn vun enger Decisioun vum Office social bestëmmte Leit d’Sue fir hier Dokteschrechnungen net méi musse virstrecken.
Eigentlech gëtt et nëmme gutt Argumenter fir eng Verallgemengerung: et wier administrativ méi einfach, et missten net Suen hin an hier iwwerwise ginn, beim Dokter si weder bor Suen nach eng Kreditkaart (déi net jiddereen huet) néideg, respektiv wann et en Dokter ass, dee seng Rechnung verschéckt kéint en d’Bezuele vun de Rechnunge méi liicht kontrolléieren well e just mat engem ze dinn huet deen him d’Suen iwwerweist, virun allem awer géif et deene Leit fir déi et schwierig ass d’Sue virzestrecken de Gank op den Office social erspueren.
Wéi schon deemools bei der Aféierung vum Tiers payant social, hun och dës Kéier d’Dokteren iwwert hier Beruffsvertriedung d’AMMD séier reagéiert a si wiere sech géint di do Neierung. Si hun an éischte Reaktiounen véier Argumenter dergéint avancéiert. Hiert éischt Argument war, datt dat administrativ ze komplizéiert wier. Da wier dat jo och de Fall, do wou den Tiers payant schon existéiert! Neen: et ass administrativ méi einfach!
Den Dokteren hiert zweet Argument war, datt d’Gesondheetskeess mat Verspéidung géif bezuelen. Wann dat soll sou sinn, ginn et jo sëcher Mëttel, fir dat ofzestellen; a virun allem, wann dat sou ass, dann ass et awer net ze verstoen, wéisou d’Patienten éischter solle waarde kënne wéi d’Dokteren.
Kucke mer eis den Dokteren hiert drëtt Argument un: wann de Patient net méi weess, wat dem Dokter seng Leeschtung kascht, da feelt ëm de Respekt, d’Asiicht etc. Och dat wier jo dann och de Fall, do wou den Tiers payant schon existéiert!
Als véiert Argument géint den Tiers payant gouf dann nach ugefouert, datt dat derzou géif féieren, datt zevill onnéideg Dokteschleeschtungen ugefrot géifen. Ofgesinn dervun, datt et jo un den Doktere léig, onnéideg Ufroe vu Patienten net no ze gin, huet een och dat nach net vun do héieren, wou et den Tiers payant scho gëtt.
An engem ufanks dëser Woch publizéierte Bréif un d’Patienten widerhëllt d’AMMD déi Argumenter net méi. Dat eenzegt, woumat si lo nach argumentéieren ass d’Angscht virun enger Entmëndegung vum Patient duerch eng Staatsmedezin, wou Politiker a Bürokraten, Fonctionnairen an Ekonomisten decidéieren. Dat well “wee bezielt, deen decidéiert”. Mee et ass och ouni Tiers payant d’Gesondheetskeess, déi bezilt!
Dëse System vum Tiers payant funktionéiert scho säit laange Joere bei eisen Noperen, e funktionéiert och bei eis wann et ëm Apdikten, Laboën oder Kineeë geet, dofir ass net liicht ze verstoen, firwat dat bei den Dokteschrechnungen net sollt klappen.
Et schwätzt eigentlech vill derfir an näischt dergéint, mee firwat wiere sech dann d’Dokteren sou dergéint? Fir mech ass dat net ze verstoën. Ech iwwerloossen et dofir den Nolauschterer, selwer hier Conclusiuonen ze zéien.


...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

66 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners