RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Tom Bellion, 26/04/2017


Listen Later

 
Dir sidd dach bestëmmt och schonns am Ausland mat Leit an d'Gespréich komm. Da sidd dir bestëmmt gefrot ginn, wat Lëtzebuerg ass. Ech wetten, dass déi meescht vun iech ugefaangen hu mam Saz : "Lëtzebuerg ass ee ganzt klengt Land, matzen an Europa, an et läit tëscht Däitschland, Frankräich an der Belsch."
 
Mat der Initiative Nation Branding hu mir eis op de Wee gemaach, fir eis anescht dobaussen duerzestellen. An dat ass och gutt esou!
 
Dat gëtt eis nämlech Geleeënheet, fir eis Kommunikatiounsmusteren  ze iwwerdenken, eis Stäerkte vill méi an de Virdergrond ze stellen an déi eng oder aner Success Story ze bréngen.
 
Ee puer interessant Donnée'en dozou kann een am leschte Rapport iwwert d'Kompetitivitéit vum Tourismus fannen, deen de World Economic Forum regelméisseg erausgëtt.
 
Déi Etude ënnersicht knapp 100 Critèren déi dozou bäidroe, fir d'Performance am Tourismus vun engem Land ze evaluéiere. An do spillen och aner Facteur'en eng Roll, déi éischter allgemenger Natur sinn an net direkt mat der touristescher Branche ze dinn hunn, mee awer de Kader ginn. Natierlech muss esou eng Analyse  ëmmer kritesch gekuckt gi. Déi international Vergläicher a Resultater sollen ëmmer "toutes proportions gardées" betruecht gi.
 
An iewer brauche mir eis an dësem Fall wierklech net ze verstoppen. Bei 22 Critère si mir an den Top Ten an insgesamt leie mir op der Plaz 28 vun 136.
 
Duerch Zesummesetzung vun dem Index gëtt een sech nees bewosst, dass mir gutt dru géifen doen, net ëmmer isoléiert eis Wirkungsfelder, pro Secteur oder Industrie, ze kucken, mee ze versichen, dat ganzt a globaalt Bild vu Lëtzebuerg am A ze halen.
  
Ech denken et géif eis gutt doen, wa mir z.B. nach weider Visiounen, wéi déi fréier vun der SES, oder elo vum Space Mining géifen entwéckelen.
 
Musse mir net endlech ophalen, eis konsequent, an eiser onendlecher Bescheidenheet, an enger Kultur vum Understatement ze bewegen? Mir sinn eng ganz houfreg, oppen an inklusiv Gesellschaft an Economie déi muenches opzeweisen huet!
 
Ass Zäit net komm fir eis Gréisste verstäerkt ze weisen an iwwert eis Zieler erauszewuessen ?
 
Solle mer eis net an 10 Joer Rendez-vous ginn an dësem Ranking, awer dann ënnert den Top 15 ?

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners