Maach wéi d'Leit, da geet et Dir wéi de Leit
Eng Carte Blanche hunn, dat heescht am Allgemengen, dass een all Pouvoir'en huet an sech u kee Kader, also u keng Grenze brauch ze halen.
Mee keng Angscht, ech wëll och dës Kéier elei net komplett iwwert d'Streng schloen. An ech wëll och direkt betounen, dass ech guer näischt géingt Leit hunn déi mat Hënn spadséiere ginn, Vëlo fueren, bei de Bäcker oder bei Metzler ginn oder mam Bus wëlle fueren.
Mäi Papp huet mir ëmmer gesot : "Maach wéi d'Leit, da geet et Dir wéi de Leit". Dat ass jo u sech ee flott Leitbild fir eis Gesellschaft, an dat kéint och haut nach Bestand hunn.
An dem Kontext si mir awer déi lescht Zäit eng Partie Situatiounen opgefall, déi ech géif gären, beispillsweis mat Iech deelen a wou ech mech gefrot hunn, ob et nei Grenze ginn, oder ob verschidde Matbierger eng permanent Carte Blanche hunn.
Ugefaange mat folgender Situatioun : et ass ee mat sengem Vëlo op engem offizielle Vëloswee ënnerwee, wou all puer honnert Meter ee Schëld hänkt wou drop steet "Haalt Ären Hond w.e.g. an der Gitt". A genee do begéint da Matbierger, déi hiren Hond un der laanger Léngt halen oder fräi lafe loossen, wat da méi oder manner geféierlech Momenter fir de Vëlosfuerer an den Hond kënne ginn.
Oder déi Vëlosfuerer, déi mengen si hätten de Wee fir sech gepacht obwuel do och Foussgänger dierfe goen. An déi dann ouni Virwarnung vun hannen un engem laanscht flitzen, esou dass ee kräfteg erschreckt a bal mat ewech gerappt gëtt.
Anert Beispill: an der file d'attente beim Metzler, beim Bäcker oder beim Bus. Do ginn et ëmmer nees Leit, déi méi presséiert a respektlos si wéi anerer a sech ouni Schimmt virdrécken.
Mee wahrscheinlech sinn dat dote just ee puer Eenzelfäll déi mir eleng an engem kuerzen Zäitraum passéiert sinn, a vläicht gëtt ee mam Alter jo einfach méi wonnerlech op esou Punkten?
Mee et ginn awer nach aner Situatioune wou an eiser Gesellschaft permanent Grenzen iwwerschratt ginn oder neier gesat ginn. Ech denken do besonnesch un dee risege virtuelle Stammdësch dee mir Facebook nennen.
Ech wëll betounen, dass ech do och mol mat dru sëtzen, well ech denken, dass dat ee flott Kommunikatiounsmëttel ass, dat eis modern digital Zäite markéiert.
Mee trotzdem sinn ech muenchmol bass erstaunt wéi Leit sech do iwwert hir Grenzen ewech setzen, an domadder mengen ech déi fachlech Kompetenze grad wéi déi vun Héiflechkeet, Respekt an aner Werter.
An ech well mol guer net vun de Commentairen op verschidden Internetsite schwätzen, déi wäit iwwert dee gutt gemengten, kritesch-konstruktiven Diskussiounsbäitrach erausginn, notamment wat d'Forme ugeet.
Stinn ech dann elo ganz eleng do, wann ech mengen, dass et am Moment schéngt cool ze si wa Matbierger sech an hirem Ëmfeld Grenzen eraushuelen, op Käschte vun aneren ?
Vläicht sinn ech och nach net - oder net méi - fit, fir domadder ëmzegoen, dass den Individualismus, gekoppelt mat enger gesonder Portioun Egoismus a Populismus, de Gesellschaftsmodell vun der Digitaler Ära ass?
Oder soll ech dann net einfach esou maache wéi mäi Papp sot ?
Maach wéi d'Leit, da geet et Dir wéi de Leit ?
(c) Tom BELLION
30. November 2016