Déi meescht vun eise politesche Parteien ginn hir Wieler an d‘politesch Mëtt, respektiv an d‘gesellschaftlech Mëttelschicht fëschen. Verständlech, well do si jo di meescht. Dat brengt awer matsech, datt hir Aussoën dachs zimmlech allgemeng an uewerflächlech bleiwen. Heinsdo kann een sech d’Fro stellen ob mir iwwerhapt nach Parteië bräuchen, wann si all mat deene selwechte Schlagwieder operéieren.
Eent dovun, wat mir schon zum Hals raus hängt, ass Nohaltechkeet, obwuel ech selwer President vum Nohaltechkeetrot sinn. Alles soll nohaltech sinn, obwuel keen sou richtech weess wat dorënner ze verstoën ass, an de Begrëff „Nohaltechkeet“ zu enger eideler Wuerthüls verkomm ass.
Wat ass awer ënnert enger Nohalteger Entwécklung ze verstoën?
Eng nohaltech Entwécklung, ass no der Definitioun vun der UNO eng weltweit Entwécklung déi et erlabt, d‘Besoinën vun haut ze erfëllen ouni awer domat ze verhënneren, datt déi kommend Generatiounen genau sou gudd kënne liewen wéi mir. - D‘Agenda 2030 mat senge 17 Objektiver an 167 Ënnerziiler, déi och Lëtzebuerg ënnerschriwwen huet, gëtt eng zimmlech genau Uleedung dozou a misst och fir d’lëtzebuerger Politik als Iwwerbau gëllen. Mol gespaant, ob dovun iirgend Eppes an iirgend engem Wahlprogramm rëmzefannen ass.
- Eng aner Floskel, déi ech net méi kann héieren ass de Begrëff « qualitative Wuestum ».
Wat een dorënner versteet ass och alles anescht wéi kloer. Fir déi eng bedeit dat « Rifkin-konform » fir déi aner ee Wuestum ouni Emweltbelaaschtung, fir rëm aanerer ass et ee Wuestum deen de Pensiounssystem sëchert, a sou weider.
- Sougur, wannn een sech iwwert d’Definitioun vum qualitative Wuestum kënnt eens ginn, da wir et nach laang net kloer wéi dat soll funktionnéieren a wei eng Konsequenzen d’ Wirtschaft an deen eenzelne Bierger bereed wiren ze akzeptéiere. Wat fir ee Lëtzebuerg mir eigentlech wëllen misst parteiintern thematiséiert, mee virun allem an der breeder Öffentlechkeet diskutéiert gin. Awer an d’Blannt ran diskutéieren brengt och net vill.
Eng bewährte Methode fir méi Sëcherheet am Plangen vun der Zukunft ze kréien, ass d’Entwéckele vun Szenarien.
Mat Hëllef vu Spezialisten a mat Abannen vun der Zivilbevölkerung könnte Szenarien entwéckelt ginn, déi di verschidde Méiglechkeeten vu Wuestum, oder vun engem Nullwuestum genge beschreiwen an d’Konsequenzen dovun fir eis Gesellschaft a fir jidfer Eenzelenen gengen opweisen. Domat hätt d’Politik een Instrument an der Hand vir zukunftsgestaltend Entscheedungen ze treffen.
Mais d’Gestaltung vun der Zukunft leit net nëmmen an der Hand vun de Politiker: Jidferee vun eis muss sei Verhalen iwwerdenken. Mir mussen eis froën ob mir ëmmer méi brauchen, ëmmer eppes Neies mussen hun an ouni Iwwerleeës emmer méi konsuméieren an ëmmer méi d’Emwelt belaaschten.
Suffizienz ass déi Haltung déi eng Nohaltech Entwécklung erméiglecht an de Wuestum an déi richtech Richtung leed.