De Film « J’ai survécu à ma mort », deen schon 1960 gedréiht gouff, an elo kurz an restauréierter Versioun als DVD erauskoum, erzielt op eng bescheiden, onheemlech an realistesch Manéier d’Lagerliewen am KZ Mauthausen, op Basis vun den deemols nach zahlreichen Témoignagen vun Iwerliewenden.
De Film beschreiwt d’Inhaftéierung vun engem Spuniekämpfer deen am Januar 41 zu Mauthausen ukoum ; De Lagerkommandant Franz Ziereis - jo deenselwechten Ziereis vun deem säin Fils herno sôt :
« Mäi Papp huet mär fir mäin 15 Gebuertsdâg 40 Häftlingen zur Verfügung gestallt fir mech schéissen ze léieren. Ech hun geschoss bis alle 40 doud um Buedem lungen. Soss kann ech näischt iwert mäi Papp soen”-, desem Ziereis ass de Spunier weinst senger physesch nach gudder Konditioun am Steebroch opgefall an hien huet him de Choix gin entweder fir d’SS-Wachmanschaft ze boxen oder “an de Gaz ze goen “.
Lagerterminologie!
De “Paulino”- esou säin Spetznumm- huet geboxt, all Sonnden, huet am Lager eng gewess Notoriéteit erreecht an ass an d’Kichen affektéiert gin, eng vun deenen gesichten Arbechten fir ze iwerliewen.
De Film weist also d’Liewen, d’Iwerliewen am KZ vun enger apparent menschlecher Säit déi eigentlech di enorm Perversioun vun der Naziideologie dokumentéiert.
An engem Konzentratiounslager, wat als Vernichtungslager fonctionnéiert, sin et Momenter gin déi fir d’Herrenrass en abartegen Amusement an fir d’Häftlingen eng kurz mental Evasioun duergestallt hun,
Musik spillt heibäi eng grouss Roll,
sief et datt Amateurmusikanten oder awer och ganz bekannten jüdesch Artisten hu missen virspillen …beim Auspeitschen vun Häftlingen oder öffentlechen Exekutiounen,
sief et datt e jüdesche Häftling am Steebroch, uewen vum “Wiener Graben”-70 Meter heich-, huet missen dem Schubert säin “Ave Maria” sangen, mat harder Stemm, ir hien vun engem Kapo an den Doud gestirzt gouf. Den “Ave Maria””klengt no, emmer an emmer n