d’Liicht um Enn vum Tunnel kann och en Zuch sinn
Ech war wéini zu Paräis mam Big Boss vun enger Assurancegesellschaft iessen. Ganz patriotesch, chauvinistesch.
(Ech) hat dat italienescht Spruddelwaasser bestallt; wou hien de roude Stär op der Fläsch gesinn huet, sot en: „je ne bois pas de cette eau communiste!“
– „Ah oui, je comprends“ sot ech, „vous préférez toujours l’eau de Vichy“.
Ech hat nach nie esou wéineg z’iessen kritt !
Sou onsympathesch se och dohir kommen an eisem Kulturkrees, déi schwaarz gewéckelt Mumien, musse mir dowéinst e Gesetz iwwert e Burkaverbuet huelen?
De Nikab huet ëmmerhin 6000 Joer Kultur hannert sech … d’Baseballkap mindestens 6 Méint Prisong!
Do huet also een deen op enger amerikanescher „University“ ageschriwwen war, wat – dat sief niewebäi bemierkt – tout juste enger lëtzebuerger Mëttelschoul entsprécht, erausfonnt datt een och kënnt, amplaz de Buedem ze botzen, e gielt Schëld opstellen, mat der Inschrift „Caution wet floor“ sou datt een elo net méi um naasse Buedem ausrutscht mee iwwert elauter giel Schëlter trëllt.
Elo huet de respektabelen Bréisseler Restaurant „Aux armes de Bruxelles“ säin Setz op Rëmeleng verluet, sécher well do méi Touristen ënnerwee sinn, wéi op der Gran‘ Place.
Jo ech weess, dat stung de läschte Freiden am Feierkrop; t’ass awer keen Plagiat mengersäits well ech hat et selwer erageschéckt.
Wat net do stung, an wat awer eng grouss belge Dageszeitung geschriwwen huet, ass datt ewell d’Paien vun den Serveuren nach just ganz sporadesch bezuelt ginn an datt anscheinend och Schwaarzaarbecht praktizéiert gëtt.
Mir wollten déi läscht Woch um Findel eisen Vol op Frankfurt ëmbuchen.
Eng ganz gentil Madame huet do bei Lufthansa ugeruff. „They will change“ – „si wëlle wiesselen“!
Ech hunn doropshinn natierlech net gewiesselt, sinn dann herno op mäin 1. gebuchten Fluch opgeruff ginn: „Die Passagiere für Frankfurt“ – „Les passagers pour Frankfürt“.
Mer mussen eise Schüler also weider fläisseg i-pads kafen, fir datt se besser Friemsproochen léieren!
Lo hunn jo wéini 2 Organisateuren vun Concerts zu Lëtzebuerg, ee privaten an een an öffentlecher Hand, sech coram publico an d’Hoer kritt.
Et ass em Programmatioun gaang; kee Wuert allerdengs iwwert déi execrabel Akkustik!
Zu Juan-les-Pins am Sand héiert een och emol Instrumenter eraus.
Mee loosse mer eis net op des 2 Organisateuren fokusséieren, well wat d’Akkustik ubelaangt, ass den nationale Sport- an Kulturzentrum – contradictio in terminis – um Kirchbierg jo einsame Spitze.
(An ganz zum Schluss fir déi Léit déi elo commentéieren, en klengen Sproch um Henrik Ibsen:
„Das ist der Fluch der kleinen Verhältnisse, dass sie die Seele klein machen.“)