Dëst Joer feiere mer dem Peter-Ernst von Mansfeld séi 500. Gebuertsdag. Et sief kuerz drun erënnert dass hien Gouverneur a Capitaine général, also politesch a militäresch Nummer 1, vu Lëtzebuerg war, vun 1545 bis zu sengem Doud 1604. De Grof Mansfeld war och ener anerem nach Gouverneur général vun de fréieren Niederlanden, also ieweschte Vertrieder vum spueneschen Kinnek an dem heiteje Benelux.
Eng Carte blanche ass net do fir seng Nolauschterer mat Datumer vun Anno Tubak ze langweilen. Dofir wollt ech haut just e puer Iwwerleeungen weiderginn iewer d’ Grënn aus deenen een sech iwwerhaapt soll dëst Joer mat dem Mansfeld beschäftegen. Wat bréngt et eis haut fir sech zu Lëtzebuerg un dee Personnage ze erënneren ?
Dat éischt wat engem beim Mansfeld afält ass dass en iwwerhaapt kee Lëtzebuerger war. Hien staamt aus dem Osten vun Däitschland. Éier hien an eist Land komm ass, war hien an Eisterraich, Nordafrika, Italien, Spuenien an duerno an der heitejer Belsch aktiv. Mat dem Mansfeld koum also e kosmopolitesche Geescht op Lëtzebuerg. Als en net Lëtzebuerger, war hien 59 Joer laang, also méi wéi de Pierre Werner, de Gaston Thorn, de Jacques Santer an de Jean-Claude Juncker zesummen, eise Regierungschef. De Mansfeld schéngt mer genau de Contraire ze sinn vun deem engstirnege Nationalismus, deem een an leschter Zäit ëmmer méi oft begéint.
Dem Grof Mansfeld seng zentral Bedeitung léit awer fir mech nach méi um kulturelle Gebitt. Hie war schon baal 20 Joer am Amt zu Letzebuerg wéi en ugefang huet sech a Clausen eng Privatresidenz opriichten ze loossen. Aus deem am Ufank éischter bescheidene klenge Schlass ass am Laaf vun de Joerzengten eng fürstlech Residenz gin. Eist Land huet e grousse gebautene Patrimoine, haaptsechlech feudal, militäresch a reliéis geprägt. Mam Mansfeldschlass geschitt dofir an eiser Geschicht eppes onerhéiertes, eemoleges. Den héichste Personnage zu Letzebuerg get e Verméigen aus, Suen déi e meeschtens huet misse léinen goen, net fir Befestegungen oder fir d’Kirch. Nee, hien riicht sech séi privat Paradies op, e Lustschloss mat wonnerschéine Gärt a Fontainen. Hien baut eng Privatbibliothéik op, sammelt frenetesch Antiquitéiten déi iwerall a sengem Parc ze gesi sin a constituéiert eng rieseg Konschtkollektioun. De Mansfeld huet sech fir Wessenschaft interesséiert, Mathematik, Geographie an Architektur. De Pap vun der moderner Kartographie, den Abraham Ortelius, war op Besuch beim Grof a Clausen. Den Hans Vredeman de Vries, e Gigant vun der Renaissancearchitektur nördlech vun den Alpen, huet dem Mansfeld ee vun sengen Haaptwierker dédicacéiert.
Wessenschaft, Konscht, Kultur, Schéinheet waren dem Mansfeld wichteg. Séi Schlass ass verfall an zerstéiert gin, d’Gärt verwüst, seng Konschtsammlung ass a Spuenien komm. Trotzdeem ass d’Erennerung un des eemoleg Leeschtung vu Generatioun zu Generatioun weidergi gin. Vleicht fänkt dat wat de Mansfeld viru méi wéi 450 a Clausen geséit huet am Letzebuerg vum 21. Joerhonnert u mat bléien. Et ass opjiddefall eng Perspektiv fir déi et sech lount ze schaffen.