Wéi ass et elo? “Alles neu macht der Mai” oder Beethoven viru Mozart bzw. “D’Ode an die Freude” aplaz “d’Marseillaise”?
Also: weider wéi gehabt – oder awer: e neien Ufank? – Wa mer mol eng Kéier optimistesch wëlle sinn, gi mer dem neie Präsident seng Chance a soen: “Allez, en marche!”
An zwar: Richtung Berlin. Well do, a Groussdäitschland, mat Kanzlerin a Schäublerich, läit Macht a Mënz. A Frankräich, wou mol Gott doheem war, brauch a bréicht ee béides. Oder mol e Schubs an déi richteg Richtung.
Well Kadoën mache weder eng eise Kanzlerin nach e steenharde Schäuble. An däitsch Steierzueler berappe weder lo nach muer fir hallef mediterran Schëlden. Also: egal wéi: eddi fir luesseg Euro-Bongen, wou déi Fläisseg fir déi Midd bezuelen – sou unisono a Bayern an uleiende Gebidder.
A Frankräich gi lo schon d’Stroosse gekiirt fir prett ze sinn, wann éischt Protestmärsch géint de Senkrecht-Starter sech waarm laafen.
Domatt wiere mer da schon um Enn vun enger séier verflunnen Euforie. A Pech fir Latino-en, a siev et grouss-gallescher...
Et siev dann d’Preisen hätten de Le Pen Duerchzuch gespiirt. Wëll soen: a 5 Joer – eng Präsidentin? – Oder wiir et net dach méi zolidd, wa scho net: méi “zolidaresch”, wa Berlin Paräis ënnert d’Ärm gräife géif, fir e Kär-Europa dach nach op d’Been ze sètzen. De Macron ass schliesslech vun alle 5. Republik Präsidenten bei weitem dee Gewëtzten.
Sou wéinstens gesi mir et, mat eisem Premier, dee sech do, kann ee soen, net iirt. Lëtzebuerg tëscht besoten zwee Noper gequëtscht, kéint nees, wéi soss sou dax, den éierbare Makler spillen.
A wann een, op der Seine oder hannert Rhein an Elbe “par impossible” net wéisst, wouhinn mam ville Geld, da kënnte mir deem eng Hand dobäi mat upaken.
Paul Kremer