Mat hierem Kuerzgeschichteband "Chantiers du désir" steet d'Carla Lucarelli op der Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis.
D'Carla Lucarelli kennt een als Actrice, Theaterregisseurin, Dichterin a Romanschrëftstellerin. Mat hierem Kuerzgeschichteband "Chantiers du désir" steet si op der Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis. A 15 Kuerzgeschichten déi als Titel all Kéiers de Virnumm vum jeeweilegen Haaptpersonnage droen, rëselt si d'Welt vun hire Protagonisten zolitt duercherneen. Eng Employée déi mat iwwer 50 hir Aarbecht verléiert, e jonkt Meedchen dat déi schéin a manner schéin Säite vun der Léift entdeckt, eng Koppel déi sech agestoe muss, dass eng Relatioun och ze vill perfekt ka sinn, oder eng Journalistin déi ganz onverhofft engem Panther géintiwwersteet. Geschichten déi den Alldag schreift, an anerer déi hannert engem dënne Voile vun Normalitéit eng aner Welt verstoppen oder déi carrément iwwernatierlech Elementer an d'Spill bréngen. Wat se verbënnt ass de Wonsch - an d'Noutwendegkeet - hiert Liewen ëmzebauen, nei ze starten, oder op d'mannst gutt ofzeschléissen. Sou verschidden der Carla Lucarelli hir Personnagen och sinn, all eenzelnen kann iwwerzeegen. De Lieser féiwert mat mam Pit, mam Gisèle, mam Marie oder mam Sandrine, däerf si e kuerzt Stéck op hirem Wee begleeden, ier si wéi spektral Apparitiounen nees an der Däischtert verschwannen.
"Chantiers du désir" vun der Carla Lucarelli ass bei den éditions Phi erauskomm.