Februar 2019.....A Frankräich gi jiddesch Griewer mat Hakekräizer beschmiert. E jiddesche Philosoph gëtt vu Manifestanten aus dem Cortège vun de ''Gilets Jaunes'' mat antisemitesche Beleidegungen aggresséiert. Och an Däitschland gi riets Stëmmen déi den Holocaust kontestéieren, oder op mannst kleng rieden, méi haart. An de Grand-Duché ass rezent net verschount bliwwe virum Antisemitismus. Et brauch een just un d'Affichë vum Xavier Bettel an Corinne Cahen ze denken, déi während der Walcampagne zejoert beschmiert goufen. De Juddenhaass ass a ganz Europa leider nees méi heefeg a méi visibel ginn. Wat kann een dogéint maachen? Driwwer schwätzen, mengt de Pierre Jans, a mécht dat och haut de Moien a sengem Commentaire.