Zënter dem Lockdown hei am Land huet den Alldag vu jidderengem geännert. Grouss Feieren mat Frënn oder Famill si weiderhi verbueden a bis ewell sinn och d’Visitten an den Alters-a Fleegeheemer grad wi an de Spideeler nëmmen ageschränkt bis guer net erlaabt. Dobäi wiere grad di eeler a krank Leit an dëser Situatioun op hir Famill ugewisen. Ma grad si ginn awer isoléiert a kréien den noë Kontakt mat hire Léifsten verweigert. D’Betreiung duerch d’Gesondheets- a Fleegepersonal kann d’Famill awer net ersetzen. Vill vulnerabel Persounen spiere sech dofir eleng gelooss a musse souguer eleng stierwen. Dat dierft net sinn, fënnt d’Lynn Cruchten a sengem Commentaire.