An der leschter Stonn war de Premierminister den Invité fir de Neijosch Interview am Automag. Do huet hien verzielt dass hien eigentlech vill méi dacks selwer hannert de Volant wéilt, sech wënscht dass mir d'Mobilitéit am Alldag mat engem gudde Mix aus individuellen an ëffentlechen Transport och 2025 hikréien.
Hien huet léiwer di neisten Technologie déi um Marché ass wéi en Oldtimer. Huet als Déngscht Limousine déi vum fréieren Ausseminister Jean Asselborn geierft.
An elo am zweeten Deel gi mir gewuer op een och alt mam Moto oder Vëlo ënnerwee ass, mam ëffentlechen Transport eventuell? Schéin Erliefnesser ënnerwee mam Auto, den 1. Auto iwwerhaapt, de Punkte Konto an d'Gléckwënsch fir d'neit Joer ginn et och.De Christian Schmit am Interview mam Premierminister Luc Frieden.