U S O :
...an och mat an der Ronn de Christian Schmit. Gudde Moien. An du war’s fir den Automagazin op Bréissel. Salon Auto Moto heescht et do nach bis muer den Owend, dat schonn di 96. Editioun vun deem Autosalon?
T E X T :
...jo am Parc d’Expositions do ass d’FEBIAC, d’Fédération belge de l’automobile et du cycle, déi de Salon Auto Moto organiséiert. D’FEBIAC ass de Pendant vun eiser ADAL a FEGARLUX.
De Salon Auto Moto muss ee wëssen ass dee gréissten Event deen an der Belsch organiséiert gëtt. Eng 10 000 Mataarbechter aus allen erdenkleche Branchen schaffen do zesummen fir déi Expo. Vum Logistiker, Schrainer, Elektriker, Caterer Vendeur a Marketing Manager bis bei deen Troupeau deen d’Carossen op Héichglanz bréngt. Dee gréissten Event deen an der Belsch organiséiert gëtt.
Honnert Dausende Visiteuren all Joer, an ech konnt mech e Méindeg Metteg dovun iwerzeechen. Also d’Attraktivitéit vum Automobil mat all senge Formen a Facetten ass nach ëmmer ongebrach. Do war Nocturne bis 10 Auer, och dat vläicht eng interessant Iddi fir den Auto Festival, an do stungen d’Leit um ½ 7 am Stau fir op de Parking, nett fir heem ze fueren.
Grouss a kleng dréckt sech hei duech d’Halen, an am Palais N:.1 do parken “Dramautoen”’ vun op mannst 100 000 Euro.
Nei ass och dass d’Marquen erëm mat Show an Entertainment hir Modeller an Szeen setzen.
An et muss ee wierklech soen dass dee Salon ganz erfollegräich ass, an och keng Marque sech ze schuet fir sech no beim Atomium do mat hiren Nouveautéiten ze presentéieren.
Spaeker: Anescht wéi dat beispillsweis op der leschter IAA zu Frankfurt war?
Genee do haten sech jo gläich eng partie Marquen ofgemellt. Zu Bréissel nett, all Marque déi an der Belsch verkaf gëtt war um Rendez-vous, och di ganz prestigiéis wéi Rolls Royce. an dat mécht de Porte Parole vun der FEBIAC, Jost Kaesemnas zimlech houfreg?
(Cut 1...)
De Bréisseler Auto Salon ass e bësschen esou wéi den Autofestival bei äis, just eben mam Avantage dass all Marque op enger Plaz ze fannen ass. Well anescht wéi op den internationale Salonen uechtert d’Welt ginn hei och Autoe verkaf. Eng ganz Armada u Vendeuren lauert drop dass eis belsch Noperen fläisseg bestellen, an de Krop ënne riets op de Bon de Commande setzen.
(Cut 2...)
Speaker: Do wäert dann stinn also dann och déi Modeller déi fir den Autofestival bei äis am Showroom stinn.
De Gros ganz sécher. An Tëscht gehéiert et jo och well zum gudden Toun, dem Visiteur um Auto Festival eppes “Spezielles” ze weisen, an esou kommen jo dann och mol aussergewéinlech Modeller an de Grand-Duché.
Wéi vläicht de Jaguar I-Pace Concept oder den Skoda Vision E, zwee sougenannt “Concept cars”, genee wéi de Mercedes Maybach Vision Cabrio., Peugeot Instinct oder de Renault Symbioz. Méi konkret dann bei Land Rover mam Discovery SVX., a BMW Z4 Concept
Bleiwe mir bei BMW. Déi hate sech eppes ganz Besonnesches afale gelooss. Zäitgläich mam Salon zu Detroit an den USA gouf e Méindeg ze mëtteg den X 2 dévoiléiert. Eng absolut Welt Première. Do schwëtze mir elo nett méi vun SUV, mee vun SAV, dee well e Sport Active Vehicle sinn. Do ass och confirméiertAn deen heiten souz schonn dran.
Soss sinn aner annoncéiert Welt Premièren, bei Citroën, a Mini, awer éischter e Relooking vun bekannte Modeller,.
Di grouss Nouveautéiten stinn natierlech dann dach am Scheinwerfer Liicht zu Detroit, esou de Joost Kaesemans vun der FEBIAC.
(Cut 2...)
Speaker: Mee d’Fro bestëmmt och déi Säit der Grenz, wat soll ech kafen?
Jo Ofgasdiskussiounen a Fuerverbuet machen onsecher, an d’FEBIAC huet elo mol e klengen handlechen Guide erausginn, deen um Salon Auto Moto verdeelt gouf.
(Cut 3...)
Den 96 Salon Auto Moto reservéiert natierlech dann och eng grouss Bühn fir d’Amateuren vun den Zweerieder. Gläich zwou Halen, an och hei all Construkteur um Rendezvous.
Bis muer den Owend kann ee nach zu Bréissel passéieren, soss vum nächste Weekend un lount sech de Besuch um Autofestival bei äis...