Debatten an der Chamber iwwert Lag vun der Natioun an den Stabilitéitsprogramm sinn leider ëmmer erëm eng Geleeënheet fir mat Schlagwieder a mat vill Populismus ze operéieren. Esou war et och dëst Joer, eemol méi. De Rapport vun der zoustänneger Chamber-Kommissioun ass och net vill besser.
Ech zitéieren just aus enger Ried.
« Zum Deel kann ee sech do baséieren op de Rapport vun der Kommissioun, deen ouni Ëmweeër e puer Saachen opdeckt, déi einfach net ginn ; nach ëmmer net ginn. Mir soen, mir hätten u Kompetitivitéit gewonnen. Fein ! Eis Produktivitéit ass zanter der Kris vun 2008 net méi an d’Luucht gaangen. D’Salaireskäschten deem géintiwwer awer schonn. D’Käschte vun enger héijer Main-d’œuvre ginn dacks ugesinn als Obstakel vun der ekonomescher Diversifikatioun. «
All Joers ass sech an der Tripartite mat den Lounkäschten, den Lounniewekäschten, der Produktivitéit avm. beschäftegt ginn . Leider ginn et der Tripartiten net méi, waat déif blécke léist vir den soziale Modell Lëtzebuerg. Do hätt e kennen gemeinsam analyséieren, dass mer an de Joren 2008 bis 2013 eng schlem Finanz-a Wirtschaftskris haten. Am Joer 2008 sinn d’Finanzmäert zesumme- gebrach , am Joer 2009 huet d’Regierung mat den Sozialpartner an der Tripartite e Wirtschaftsprogramm fir di Kleng- a Mëttelbetriber definéiert, de virun allem d’Beschäftegung selt stäipen. En Ennerstëtzungsprogramm ass lancéiert ginn fir di lëtzebuergesch Banken finanziell oprecht ze erhalen. All des Moossnamen hunn eis ëffentlech Finanzen uerg strapazéiert.
Gottseidank, huet des Politik gewierkt.
Wann een sech elo erwaart huet, dass an dëser Zéit d’Produktivitéit gewuess wär, da liewt deen um Mount.
D’Salaireskäschten sinn e wichtegen Indicateur- nieft aneren- fir e Wirtschaftsstanduert . Si variéieren ganz staark vu Land zu Land an och entspriechend den Wirtschaftssecteuren.
Hei e puer Chiffren aus den Joer 2012 :
Di duerchschnëttlech Aarbechtskäschten pro Stonn lungen an der EU-15 tëschent 13,30.-Euro (Portugal) an 39,35.-Euro (Dänemark). Eng Moyenne also vun 28,76.-Euro.
Lëtzebuerg 33,91.-Euro Belsch 38.-Euro Däitschland 30,48.-Euro
Frankräich 34,24.-Euro Holland 32,47.-Euro
Lëtzebuerg léit op der 5.Platz an der EU-15.
De Wirtschaftsminister huet dozou gesot :
« Zënter zéng Joer maachen ech Wirtschaftsmissiounen an deenen diverste Funktiounen, ech kann Iech soen, dass a kenger vun all deene Wirtschaftsmissiounen dat jee e Sujet war. »
Ech mengen dat ass däitlech !
Eigentlech missten mer houfreg sinn, dass mer an engem Land liewen, wou e gutt Stéck vum Wirtschaftskuch der Gesellschaft an senger Arbeitnehmerschaft zegutt kennt.
Mir missten et just fäerdeg bréngen et besser ze verdeelen.