Endlech nees eng Foire fir Rehabilitatioun an onser Géigend
Et gi verschidde Messe-Highlights am Joer, virun allem wann et ëm d'Thema Rehabilitatioun, Therapie an Inclusioun geet. D’Rehab zu Karlsruhe ass eng Traditiounsfoire, déi dëst Joer fir déi 21. Kéier vum 23. - 25. Juni ass. Zanter méi ewéi 30 Joer zielt si zu den Rendez-vousen a Süddäitschland, knapp 2 Stonne vun hei ewech. De Sascha Lang ënnerhält sech mat der Projektmanagerin Annika Gehrmeyer iwwer dës Foire, d'Wichtegkeet an d’Erausfuerderungen eng Foire vun an fir vulnerabel Leit ze organiséieren.