Wéi d'Nadège Fassi Elteren a Geschwëster stäerkt
An dësem Episod begréisse mir d’Coach an dräifach Mamm Nadège Fassi, déi sech zanter siwe Joer intensiv mat der Begleedung vun Elteren a Geschwëster vu Kanner a Jugendlechen mat Beanträchtegung befaasst. Si erlieft an hirer Aarbecht ëmmer erëm, wéi séier ee sech an esou usprochsvolle Liewenssituatioune selwer aus den Aen verléiere kann – als Mamm oder Papp, als Partner oder och als Geschwëster. D’Konsequenze si villfälteg: Frust, Iwwerfuerderung, emotional Erschëpfung.
D'Nadège erkläert, firwat Selbstsuerg kee Luxus, mee eng Noutwennegkeet ass, a wéi si Familljen dobäi ënnerstëtzt, gestäerkt, méi bewosst a mat méi Liichtegkeet duerch den Alldag ze goen. Si deelt praktesch Erfarungen, Beispiller aus hirer Coaching-Aarbecht an Impulser, déi all Famill – mat oder ouni besonnesche Besoinen – direkt ëmsetze kann.