Erklär&Laach

Erklär&Laach

By Baschti, Philippe a JoeComedy
Download on the App Store

Erklär&Laach episodes

  • Ep.51: 'Maacht är Aen op! No New World Order'

    De perfekten Audiobegleeder fir esou gemittlech an dat neit Joer ze starten, dass et einfach guernet sou schlëmm ka gi wéi 2021. Mir maachen e klenge Quiz, héieren Neies vum Pier vun Oochen, a beschwätzen natierlech d'Aktualitéit, ënnert anerem d'Season Finale vun der amerikanescher Demokratie, Demonstranten zu Lëtzebuerg, an de wäisse Wanter.


    Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)
    Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 License
    http://creativecommons.org/licenses/by/3.0/

    1 hr 7 min
  • Ep.50: 'Christmas Special'

    Hohoho! Déi dräi mannerbemëttelt Kleesescher sinn do, fir Iech d'Chrëschtgeschicht aus dem Joer 2020 ze verzielen!
    Ausserdeem an dësem Späschel: Liicht Esoterik, de Podcastkrich, an dem Pippo seng Verwandlung vum Grinch hin zum empatheschen Darling. An elo scho mol: Schéi Feierdeeg, loosst et iech gutt goen.



    Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)

    Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/

    1 hr 18 min
  • Ep:49: 'Je suis Eric Rolgen'

    Mir mussen natierlech direkt iwwert d'Bomm schwätzen, déi des Woch an der Podcastszeen geplatzt ass: Den Eric Rolgen mat senger *opgepasst: Ironie* Libeserklärung un Enseignanten an Déifferdeng. A wien ass eigentlech déi gëlle Fro?

    Donieft schwätze mir och emol endlech rëm iwwert eis Liiblingsleit: Iech. Bienvenue au cirque de la lune.

    1 hr 17 min
  • Ep.48: 'Monocock'

    Genéisst elo: Eng liicht ugeschimmelt Portioun auditive Kaviar, deen ee beim Discounter an der Reklamm kritt.

    Disclaimer! Nieft eiser Propose fir d'Lëtzebuerger*in vum Joer, der deeper Diskussioun em Schéinheetsoperatiounen, an der Seuche, geet et och ganz kuerz em e Monocock.

    54 min
  • Ep.47: 'When I start to fight then I fight maximum'

    Mat leschter Kraaft distilléiere mir déi wéineg Glécksgefiller, déi eis nach bleiwen, an en illegal gebranntene Podcast mat 69% Blödsinnsgehalt. Vum Meisch-Meisch bis zum Marcel Ewen: Och des Woch betruechte mir aus eisem virtuellen Elfebeentuerm d'Promiszeen zu Lëtzebuerg an an der Welt. De Joe ass ausserdem erëm opgetaucht a bréngt e puer Geschichte mat. Bonus: Witzer zum Thema Supermarché.

    1 hr 8 min
  • Intermezzo III

    E kuerze Liichtbléck am groen Alldag vum Joer 2020: Et gëtt Zäit fir op eng Rei Noriichten aus Internetz ze äntweren. Ënnert anerem eng wichteg Fro vu Spogens hirem Dan. An dann freeë mir eis fir d'Lynn, a froen eis wou de Joe mat sengem Liegerad wuel hin ass...

    32 min
  • Ep.46: 'FCK 2020'

    Mir starten direkt mam Joé Bidon senger Victoire iwwert den orangen Af am wäissen Haus, haangelen eis geschéckt duerch d'Minnefelder vum Covid-19 an diskutéieren à distance de gewinnte Blödsinn. Allerdéngs gi mer Iech och wäertvoll Tipps fir den Lockdown Lite, deen sech esou lues uschläicht.


    Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)

    Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/

    1 hr 9 min
  • Ep.45: 'Epesche 5-Kampf am Secteur 93'

    Aus eisem Special 'on the road' gouf schlussendlech e gemittlechen Ethanol-Nomëtteg doheem am Studio (thanks rona): Mir spillen eng nei Oplag vun eisem 5-Kampf, bei deem et esou wuel eng Belounung, wéi och eng Bestrofung gëtt... Des Weideren dierfen natierlech kriddeleg Wuertspiller, domm Geschichten, an de Merci vun der Woch net feelen. Dee ganze Misär gëtt et des Woch och rëm op Youtube, esou als klenge Schmankerl, well mir Iech gär hunn. Bussi Bussi, ären Trio Farfalle.


    Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)

    Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/

    1 hr 32 min
  • Ep.44: 'Postcast (PLS POST GËFF EIS €€)'

    Mir sinn op eng Minn gestouss: Dem mysteriéise Ben säi Youtube-Channel ass voll mat lëtzebuergeschem Content-Gold, wat mir an dëser Folg fläisseg ofdroen. 

    Niewebäi potere mir iwwert d'US-Walen, Dreem, 5G-Demonstratiounen zu Lëtzebuerg, d'Sandra aus de Ressources Humaines, a villes méi.



    Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)

    Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/

    1 hr 7 min
  • Ep.43: 'Gastrokomiker'

    En Intro vum Gastron Vogel, Wine-Tasting-Tipps, de World Veggie Day, eng Dan-Spogen-Fro zum Fiederwäissen, eis Dram-Restauranten, a villes méi zum Thema Schnabulatioun kritt dir des Woch bei enger geballter Portioun Spaghetti al Ketchup an Audioform. Dëse Podcast consomméiert een am Beschte mat engem Kanister Gedrénks.

    1 hr 3 min

About Erklär&Laach

From the publisher's feed

Zimlech iwwerflëssege Podcast, mee iergendwéi ëmmer nach net gecancelt.

More shows like Erklär&Laach

Hotel Matze by Matze Hielscher & Mit Vergnügen

Hotel Matze

187 Listeners

Gemischtes Hack by Felix Lobrecht & Tommi Schmitt

Gemischtes Hack

93 Listeners

Mordlust by Paulina Krasa & Laura Wohlers

Mordlust

189 Listeners

Happy Hippo by Happy Hippo

Happy Hippo

0 Listeners

Baywatch Berlin by Klaas Heufer-Umlauf, Thomas Schmitt, Jakob Lundt & Studio Bummens

Baywatch Berlin

77 Listeners

Einfach mal Luppen by Toni Kroos, Felix Kroos & Studio Bummens

Einfach mal Luppen

71 Listeners

Copa TS by Tommi Schmitt & Studio Bummens

Copa TS

18 Listeners

Kaulitz Hills - Senf aus Hollywood by Spotify & Bill und Tom Kaulitz

Kaulitz Hills - Senf aus Hollywood

93 Listeners

Bratwurst und Baklava - mit Özcan Cosar und Bastian Bielendorfer by RTL+ / Bastian Bielendorfer, Özcan Cosar

Bratwurst und Baklava - mit Özcan Cosar und Bastian Bielendorfer

9 Listeners

Hobbylos by Spotify, Rezo & Julien Bam

Hobbylos

23 Listeners

1LIVE 99 Problems mit Felix Lobrecht by 1LIVE

1LIVE 99 Problems mit Felix Lobrecht

2 Listeners

Fest & Flauschig by Jan Böhmermann & Olli Schulz

Fest & Flauschig

19 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Der Sophie Passmann Podcast by Studio Bummens

Der Sophie Passmann Podcast

7 Listeners

Teenager mit deutschem Akzent (TMDA) by Fynn Kliemann und Nisse

Teenager mit deutschem Akzent (TMDA)

0 Listeners