Erklär&Laach

Erklär&Laach

By Baschti, Philippe a JoeComedy
Download on the App Store

Erklär&Laach episodes

  • Ep.78: Deng Mamm geet Ettel

    Hei ass eng XXL-Folg vun eisem Schrottcast. XXL ass iwwregens och d'Gréisst vun denger Mamm hirem Schnitzel, dee si all Moie beim Kaffi wegstaubsaugert. Themen sinn eis Liblingslidder, Twitter, Klischeeën iwwer Jugendlecher, an natierlech dierfen eis 60.000 Rubricken net feelen. 60.000 ass iwwregens och de BMI vun denger Mamm.



    Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)

    Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/

    1 hr 51 min
  • Ep.77: Drockverloscht an der Niveau-Kabinn

    Am Delikatessebutték vun de Lëtzebuerger Podcasten hues du dech also fir dat Stéck Zoossiss mat engem groe Filz entscheet.
    D'Wurscht aus der Erklär&Laach Fabrick ass och des Kéier nees ze staark gewierzt, a fänkt direkt mat engem wierklech eeschten (an ausnamsweis och wichtegen) Thema un.
    Mee keng Angscht, d'Synapsen gi just kuerz ugestrengt, well de Joe huet d'Regie iwwer dësen Episode. Dofir begi mir eis nom Thema Ausschwitz direkt op intellektuellen Tauchgang, a versuergen dech wéi gewinnt mat 'geistiger Umnachtung', wéi se am großdeutschen Reich soen.
    (Jo, dat war e Witz iwwer d'drëtt Räich, obwuel et an dëser Folge em den Holocaust geet.)
    Hei dann och nach d'Resultat aus der representativer Statec-Emfro, déi mir an Optrag ginn hunn:
    Vun eis dräi Eenzeller ass de Baschti dee beléiftsten Podcastmember (97,69% vun de Befroten hunn dat uginn, 2,3% ware fir de Pippo, nom Joe gouf net gefrot). Verhältnisser wéi an Nordkorea, just dass et hei wouer ass.



    Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)

    Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/

    1 hr 27 min
  • Ep.76: 'Nepal, Capitani & aner Sauereien'

    Neies vum nëmme liicht zougefruere Séi vun der politescher Korrektheet: de Pippo ass frësch zréck aus dem Nepal a bréngt eng Portioun exotesch Wierz mat an de Podcast, de Joe ass mëttlerweil esou wäit ofgehuewen, dass hien selwer Capitani nach net gesinn huet (mir froen hien trotzdeem aus) an de Baschti ass wéi ëmmer sympathesch, buedemstänneg an ouni Effort witzeg, jee, d'gutt Séil vum Podcast.

    Zesummen huele mir iech mat op eng weider Audiorees Richtung Verluerenzäitland an nees zréck.

    56 min
  • Ep.75: Den Toni Schlesser a säi brennende Pissoir

    Komm mir si mol éierlech, e puer Themen musse mer wegootmen: Ukrain natierlech, Capitani wéinst dem Joe, an *of course* d'Luxfilmfest.

    Mee dat garnéiere mer à la Salt Bae mat enger gudder Portioun Dommheet, sou wéi dir et vun eis gewinnt sidd: Onnéideg Business Iddien, dem Tommy Schlesser säin Doppelgänger, a vill flaach Witzer.
    Pas de prob.



    Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)

    Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/

    1 hr 9 min
  • Ep.74: Capitani oder Erklär&Laach?

    Mir sinn zréck aus dem Wanterschlof! Esch2022 bréngt d'Kultur zréck an d'Land, also brauche mir en niddreg-IQ-Géigepart. Dee liwwere mir mat Freed... mir beschwätzen alles vum Netflix-Joe sengem Comeback, dem Baschti sengen RTL-Eskapaden an dem Krich an der Ukrain mat eisem gewinnte 'je ne sais quoi'. 


    *Je ne sais quoi* steet an deem Kontext fir ongefrot Meenungen an domm Witzer. Business as usual

    1 hr 13 min
  • Ep.73: 'De finale Féck Dech un 2021'

    Mir mellen eis eng leschte Kéier fir dëst Joer aus der Galeblos vun der lëtzebuergescher Podcastszeen.

    Mat eisem ganz eegenen, komplett oninforméierte Réckbleck op dat lescht Joer.
    De Joe schalt sech als #richboy aus den italieneschen Alpe bäi, de Baschti bréngt nees räichlech Anti-Astellung mat, an de Pippo probéiert déi ganz Saach iergendwéi net ënnergoen ze loossen. Mir halen d'Joer esou op, wéi mer et ugefaangen hunn.

    1 hr
  • Ep.72: 'Vum Peacock bis op Fribourg'

    Mir huelen iech mat op eisem Wasserwerfer a fueren eng Kéier gedanklech vum Peacock bis an d'Schwäiz. Dobäi hu mer nees eng ganz Rei Stops ënnerwee: Eng elitär Geschicht vum Joe, dem Philippe säin Owend um Filmpräis, de Baschti zielt vum legendäre Gunther VI., an et gëtt endlech en neie Kack-Krimi.


    Nach eng Reklamm an eegener Saach: De Paus-Podcast huet eis agelueden, fir déi 4. Käerz op hirem Adventskranz ze sinn. Also lauschtert do och eng Kéier ran wann iech langweileg ass. Bussi Bussi.

    1 hr 3 min
  • Ep.71: 'Dem Joe seng lescht Folg op fräiem Fouss'

    De Podcast fänkt des Kéier an trauter Zweesamkeet un - de Joe huet nämlech eng mysteriéis Verspéidung. Hien bréngt ofgesinn vun enger klenger Strofdot awer mat Retard och eng kleng Preparatioun als Host mat. A behandelt do alles vu Märercher bis Nazien zu Schraasseg.

    1 hr 5 min
  • Ep. 70: 'Klappjuegd mam Camion'

    Mir komme mam Kackcamion vun Dubai bis bei deng Oueren an tippen 7 Tonnen Blödsinn direkt an däi Kapp. Inhaltlech wéi ëmmer mannerwäerteg, mat Themen wéi Klappjuegd, Marche Blanche Leaks, Pissconcerten an engem laang iwwerfällege Comeback vum Prager Fenstersturz.

    1 hr 10 min
  • Ep.69: 'Nice'

    Beim insulinbedengten Zockerschock ënnert de lëtzebuergesche Podcasts geet et des Woch em d'REEL, héich qualifizéiert Tipps fir der Inflatioun entgéint ze wierken, Déieren an d'Marche Blanche. Net feelen dierfen natierlech eis Social Media Fësch, de Merci vun der Woch, an dem Pippo seng philosophesch Fro.

    Hei nach d'Kaart vun den Allergenen: Dëse Podcast enthält Cringe, Roserei an Triggergefor.


    Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)
    Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 License
    http://creativecommons.org/licenses/by/3.0/

    1 hr 6 min

About Erklär&Laach

From the publisher's feed

Zimlech iwwerflëssege Podcast, mee iergendwéi ëmmer nach net gecancelt.

More shows like Erklär&Laach

Hotel Matze by Matze Hielscher & Mit Vergnügen

Hotel Matze

187 Listeners

Gemischtes Hack by Felix Lobrecht & Tommi Schmitt

Gemischtes Hack

93 Listeners

Mordlust by Paulina Krasa & Laura Wohlers

Mordlust

189 Listeners

Happy Hippo by Happy Hippo

Happy Hippo

0 Listeners

Baywatch Berlin by Klaas Heufer-Umlauf, Thomas Schmitt, Jakob Lundt & Studio Bummens

Baywatch Berlin

77 Listeners

Einfach mal Luppen by Toni Kroos, Felix Kroos & Studio Bummens

Einfach mal Luppen

71 Listeners

Copa TS by Tommi Schmitt & Studio Bummens

Copa TS

18 Listeners

Kaulitz Hills - Senf aus Hollywood by Spotify & Bill und Tom Kaulitz

Kaulitz Hills - Senf aus Hollywood

93 Listeners

Bratwurst und Baklava - mit Özcan Cosar und Bastian Bielendorfer by RTL+ / Bastian Bielendorfer, Özcan Cosar

Bratwurst und Baklava - mit Özcan Cosar und Bastian Bielendorfer

9 Listeners

Hobbylos by Spotify, Rezo & Julien Bam

Hobbylos

23 Listeners

1LIVE 99 Problems mit Felix Lobrecht by 1LIVE

1LIVE 99 Problems mit Felix Lobrecht

2 Listeners

Fest & Flauschig by Jan Böhmermann & Olli Schulz

Fest & Flauschig

19 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Der Sophie Passmann Podcast by Studio Bummens

Der Sophie Passmann Podcast

7 Listeners

Teenager mit deutschem Akzent (TMDA) by Fynn Kliemann und Nisse

Teenager mit deutschem Akzent (TMDA)

0 Listeners