Poterkëscht vum INLL

Fester am Dezember an Outfit fir eng Chrëschtfeier (A2)


Listen Later

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Am Episod vun haut schwätze mir iwwer Fester am Dezember a wat ee kann op eng Chrëschtfeier undoen.

Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

Transkript

Fester am Dezember

A: Hues de schonn e Chrëschtbeemchen an deng Wunneng dekoréiert? E Sonndeg ass schonn den éischten Advent.

B: Lo ass scho rëm Dezember. D’Joer vergeet esou séier! Nee, ech hunn nach net dekoréiert a mir hunn och nach kee Beemchen, mee ech hunn awer schonn en Adventskranz.

A: Wiem sees de et! Ech hu keen Adventskranz, mee ech hunn awer iwwerall vill Käerzen a Luuchten. Mäi Chrëschtbeemche steet scho säit dem 15. November.

B : Mir ass dat ze fréi. Mee an de Supermarchéë gëtt et schonn zënter Enn September / Ufank Oktober Schockelaskleesercher a Chrëschtdekoratioun.

A: Dat ass definitiv vill ze fréi. Mee sou vun November u kommen ech schonn a Chrëschtdagsstëmmung an et gesäit immens gemittlech bei mir aus. Ech fänken och scho fréi un, Kaddoen ze kafen.

B: Ech gleewen! Am Dezember ass esou vill lass! Den éischten Advent fält dëst Joer op den 1. Dezember, de 6. Dezember ass Kleeserchersdag, de 24. ass Hellegowend an de 25. Dezember ass Chrëschtdag.

A: Vergiess Silvester, den 31. Dezember, net! An op Kleeserchersdag hu mir jo net fräi…

B: Jo, och nach Silvester! An dat si lo nëmmen d’Fester an d’Feierdeeg zu Lëtzebuerg! Ech huele mer de 6. Dezember awer fräi, well meng Kanner dann doheem sinn. Ech huele mer dëst Joer och zwou Wochen ëm Chrëschtdag Congé, vum 20. Dezember bis de 5. Januar. D’lescht Joer hat ech ze vill Stress. Da kann ech mech gutt erhuelen. Wéi méchs du et?

A: Ech fléie kuerz viru Chrëschtdag bei meng Famill a bleiwen awer bis no Dräikinneksdag do. Bei eis ass de 6. Januar och nach e wichtege Feierdag.

B: A jo! Schéin! Zu Lëtzebuerg ass de 6. Januar zwar net fräi, mee mir kafen awer en Dräikinnekskuch.

A: Jo, wann ech heemkommen, da gëtt et déi nach. Ech kafe mer och all Joer een.


Op eng Chrëschtfeier goen

A: Moien! Frees de dech schonn op d’Chrëschtfeier d’nächst Woch? 

B: Jo, total! Mee ech hunn e Problem … Ech weess nach net, wat ech undoe soll. Den Dresscode ass jo ,,schick mat engem speziellen Accessoire’’. Wat soll dat heeschen? 

A: Jo, et ass dëst Joer net esou einfach! Mee du kanns jo zum Beispill einfach en elegante Rack oder eng Jupe mat enger Blus undoen. An als speziellen Accessoire en Hutt, eng opfälleg Ketten oder eng faarweg Krawatt. 

B: Eng Krawatt wier cool! Ech kéint och e schwaarzen Tailleur mat enger wäisser Blus undoen, an dobäi eng rout Krawatt. Dat passt jo gutt bei Chrëschtdag, oder? 

A: Absolut! Et ass festlech, mee net ze opfälleg. 

B: Merci fir deng Hëllef! Mee ech hunn nach eng Fro. Mir wiichtele jo, an ech hunn d’Sarah gezunn. De Problem ass, ech kennen hatt guer net gutt … Hues du eng Iddi, wat ech him kafe kéint? 

A: O, d’Sarah? Dat ass einfach! Hatt drénkt gär Téi an huet vill Planzen doheem. Villäicht kéints du him eng kleng Planz, wéi e Kaktus schenken? 

B: Dat ass eng gutt Iddi! Dat, oder e schéinen Téiset géifen him bestëmmt gefalen. Merci! 

A: Gär geschitt. Ech si scho gespaant, wéi d’Feier gëtt. Ech hoffen, d’Musek ass dëst Joer besser wéi d’lescht Joer. 

B: Ech hoffen och. Bis dann! 

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Poterkëscht vum INLLBy Poterkëscht


More shows like Poterkëscht vum INLL

View all
RTL - Journal by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Journal

1 Listeners

RTL - 5vir12 by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - 5vir12

0 Listeners

Easy Luxembourgish by Anne Beffort

Easy Luxembourgish

8 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

RTL - Afterwork by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Afterwork

0 Listeners

RTL - Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

RTL - Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

1 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL Today - Luxembourg History Podcast by RTL Today

RTL Today - Luxembourg History Podcast

10 Listeners

HugoDécrypte - Actus et interviews by Hugo Décrypte

HugoDécrypte - Actus et interviews

89 Listeners

Firwaaat? - De Kannerpodcast by RTL Radio Lëtzebuerg

Firwaaat? - De Kannerpodcast

0 Listeners

L’Heure du Monde by Le Monde

L’Heure du Monde

35 Listeners

Luxembourgish with Anne PODCAST by Luxembourgish with Anne

Luxembourgish with Anne PODCAST

4 Listeners