RTL - Carte Blanche

Fir d'Aféieren vun engem Kannerwahlrecht, 11/07/2016


Listen Later

No deem d'Resultater vum Referendum am Vereenegte Kinnécksräich bekannt gemaach gi sinn, gouf vill iwwer d'Ursaache vun dësem dach erstaunleche Resultat diskutéiert.
Et huet ganz vill Leit schockéiert dass déi jonk Leit massif géint de Brexit gestëmmt hunn. Esou hunn méi wéi 2/3 vun deenen Wieler, déi manner wéi 35 Joër all sin, fir de Verbleif an der EU gestëmmt.  Si goufen allerdéngs vun deene Wieler déi méi al sinn iwwerstëmmt.
Elo ass et awer esou dass grad déi jonk Generatioune mat Sécherheet vun de laangfristegen Folgen vun dem Brexit leide werten, wat fir eeler Wieler vill manner de Fall wert sinn. Dat ass eng Konsequenz déi sech logescherweis aus dem Ëmstand ergëtt datt Bevëlkerunge méi al gin.  An effektif läit den Duerchschnëttsalter vun de Wieler an eise Länner weit iwwer 50 Joër an deen Alter steigt regelmässeg weider. Besonnesch déi europäesch Länner déi eng niddreg Gebuertenzuel hunn, leiden staark ënnert dëser Evolutioun.
Hei zu Lëtzebuerg ass Wuel versicht ginn de Wahlalter op 16 Joër erofzesetzen. Dat wir zwar ee Schrëtt an déi richteg Richtung gewiecht, mä et hätt héichstens eng Drëpps Waasser op ee waarme Steen duergestallt. Fir deen Trend an eiser Gesellschaft ze briechen misst ee scho vill méi radikal Mesuren ergreifen.
An däer Hisiicht huet déi liberal schwäizer Denkfabrik, Avenir Suisse sech kierzlech agesat dass an eisen Demokratieën ee Kannerstëmmrecht soll agefouert ginn. Dat Stëmmrecht soll awer bis zur Groussjähregkeet ausgeübt ginn vun den Elteren oder vun de Kanner hiere gesetzleche Vertrieder. Avenir Suisse geet dervun aus dass Leit mat Kanner sech spontan a logescherweis méi u laangfristegen Ziiler orientéieren wéi méi al Leit ouni Kanner.
Gewielte Politiker si bal instinktif drop aus fir d'Interêtën vun der Majoritéit vun hiere Wieler prioritär ze verdeedegen an dat sinn eben an eiser Gesellschaft virun allem kuerzfristeg Ziler  an d'Verdeedegung vun de famosen droits acquis.
Wa mer wëllen Europa aus der ablécklecher Kris erausbréngen da muss ee couragéiert Mesuren huelen déi weit iwwer grouss Paroulen eraus ginn. D'Stëmmrecht ze änneren an deem een ee Kannerstëmmrecht aféiert wier ouni Zweifel eng ganz radikal Moossnahm déi awer eisen demokratesche Systeem net a Fro géif stellen.
Et gëtt sécher och nach aner Weeër an hei sinn all Denkfabrike gefuerdert hier Beiträg ze maachen. Eis Politiker, eis Gewerkschaftler an eis Dirigeant'en aus der Wirtschaft si gefuerdert sech mat dësen Denkustéiss auserneen ze setzen an et och ze woen méi radikal Schrëtt ze huelen. D'Problemer vun der europäescher Unioun si keng Fatalitéit mä si si léisbar, et verlaangt awer staark Politiker mat vill Courage a virun allem Wäitsiicht fir se ze iwwerwannen.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners