Am Championnat hunn d’Hären den Ament jo eng kleng Paus, an dat wéinst dem Asaz vun der Nationalequipe dëse Weekend a Portugal.
Bei den Dammen dogéint geet et monter weider, an de Champion Amicale huet seng Iwwerleeënheet déi lescht Woch gläich zweemol ënnerstrach.
Zweemol haten déi Steeseler Meedercher et mat de Musel Pikes ze dinn, an der Coupe an am Championnat, an zweemol hunn si hirem Géigner awer och guer keng Chance gelooss.
Fir de Coach vun der Amicale Jérôme Altmann war dës Demonstratioun vun der eegener Stäerkt gläichzäiteg e wichtege Message un déi aner Equippen.
An deenen 2 Matcher hunn d’Pikes – Dammen all Kéiers eng ferm op de Bak kritt vum Favorit Amicale, an déi Situatioun heescht et fir d’éischt emol verdauen.
Trotzdeem ass de Miseler Trainer Dominic Dörr net der Meenung, dass et fir déi Steeseler elo an deenen 2 Kompetitiounen e labberen Duerchmarsch gëtt.
Den Ament gesäit et esou aus, wéi wa Konter dee sérieuste Géigner vun der Amicale am Championnat wier. Mee bis de Champion um Enn fest steet, ass et nach e wäite Wee.
SPOTLIGHT
Iwwermuer Sonndeg, um 5 Auer eiser Zäit, spillt déi Lëtzebuerger Hären – Nationalequipe a Portugal. Den Nationaltrainer Ken Diederich erkläert emol, wat dat fir eng Kompetitioun ass.
Wéi huet den Ken Diederich seng Equipe dann op de Rendezvous a Portugal preparéiert?
Nieft Portugal ass mat Zypern och nach en ale Bekannten am Lëtzebuerger Grupp. D’Zyprioten kommen den 22. Februar 2018 op Besuch.
MAGIC NUMBER
De leschte Weekend hunn d’Lux – Rollers hiren 30. Anniversaire gefeiert.
De Luciano Fratini, dee vun Ufank un derbäi ass, ka sech nach gutt un déi Zäit erënneren.
SPROCH VUN DER WOCH
A bal all Equipe gëtt et Spiller, déi heiansdo mengen, si missten e Match ganz eleng decidéieren.
Do reagéiert en Trainer dann alt emol zimlech genervt.
Hal endlech op mam Kapp duerch d’Mauer ze goen, wann’s de net weess, wat op där anerer Säit op dech waart.