Rebound (Radio)

FLBB - Magazine REBOUND, 29/09/2017


Listen Later

Um 1. Spilldag vun der neier Saison gouf et bei den Hären mat der Victoire vum Opsteiger Racing géint d’Sparta direkt eng fauschtdéck Iwwerraschung.

Schonn haut den Owend hunn déi Bartrenger doheem Geleeënheet fir sech erëmzekafen. Op dat awer grad géint den T71 Diddeleng geléngt, steet op engem anere Blat.

Am Spëtzematch tëscht de Musel Pikes an dem Champion Amicale war d’Victoire vun deenen Miseler u sech net déi ganz grouss Surprise, och wann net jiddereen dermat gerechent hat.

Iwwerraschend war hei éischter de Verlaf vun der Partie mat 2 grondverschiddenen Halschenten, wou Steesel schonn an der Paus wéi de séchere Vainqueur ausgesinn hat.

D’Pikes hunn awer Moral gewisen a sech erëm an de Match zréckgekämpft, eng Kalitéit, déi d’Equipe vum Frank Baum scho méi wie eng Kéier ausgezeechent huet.

LET’S TALK ABOUT

Bei den Dammen waren alle 5 Matcher vum 1. Spilldag ganz enk. Deen héchsten Ecart gouf et mat 9 Punkten bei der Victoire vun der Sparta beim Telstar.

Dat kéint op eng ganz spannend Saison hindeiten. Fir den FLBB – Präsident Henri Pleimling géif dat ënnersträichen, dass d’Decisioun fir op 10 Equippen opzestocken, am richtege Moment geholl ginn ass.

SPOTLIGHT

Dass et um 1. Spilldag nach net bei alle Spiller an Equippen ronn dréit, ass éischter normal an och verständlech.

Wann dat awer beim Liveticker, respektiv de Statistiken vun der FLBB de Fall ass, ass dat net nëmmen fir d’Press zimlech blöd. De President vun der Federatioun Henri Pleimling mat de Grënn fir dësen iergerleche ‘‘Bug‘‘.

Dann hoffe mir emol mat, dass et dës Kéier klappt. Déi lescht Joren huet een sech nämlech un déi Informatiounen, wou ee praktesch alles kann erausliesen, sou richteg gewinnt.
 
SPROCH VUN DER WOCH

Net all Equipe war fir de Championnatsufank scho richteg prett. Och Konter hat esou seng Startschwieregkeeten bei der Defaite zu Esch.

De Raoul Birenbaum hat nom Match schonn zolidd Problemer, fir all déi Schantercher opzezielen, wou nach vill Aarbecht bleift.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Rebound (Radio)By RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like Rebound (Radio)

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Lanz + Precht by ZDF, Markus Lanz & Richard David Precht

Lanz + Precht

339 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

Zeenewiessel by radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners