RTL - FLF-Magazin

FLF Magazin, 25/02/2019


Listen Later

Gëschter gouf et eng Première an der BGL League.

Dovunner krut ech awer näischt mat.

Dofir soen ech dir et jo och.

Wat fir eng Première war et dann?

Den Yuki Tsuchihashi huet säin éischte Goal an der BGL League geschoss.

Also ech wëll dir jo net ze no trëppelen. Mee et kënnt bal all Weekend vir, dass ee Spiller säin éischte Goal an der BGL League schéisst.

Do hues de Recht.

Firwat schwätze mir dann hei driwwer?

Well de Yuki Tsuchihashi den éischte Japaner ass deen an der BGL Ligue ee Goal geschoss huet.

Dat hätt ech effektiv elo net gewosst.

An dofir hunn ech dir et gesot.

A wahrscheinlech huet hie senge Matspiller no deem Goal eng Ronn Sushi spendéiert.

Ee Spiller huet déi zweet Halschent vun der Saison esou ugefaangen wéi hien déi éischt Halschent opgehalen huet.

An dat ass de Samir Hadji.

Hien huet nämlech am 14. Match säi 14. Goal geschoss.

An dat war säin 100. der BGL League.

Domadder ass hien an engem Club vu gutt 40 Spiller, déi dat an hirer Carrière fäerdeg bruecht hunn.

An dem Spiller vun der Fola war dat gëschter bal e bësse peinlech.

Cut Samir Hadji

De Samir Hadji ass also am Krees vun deenen déi 100 Goaler geschoss hunn.

De Krees vun deenen déi iwwer 200 Mol markéiert hunn, ass vill méi kleng.

Do sinn der just 3 dran.

De Patrick Morocutti mat 223.

Den Dan Huss mat 228.

An den Armin Krings deen 255 Mol de Filet an der ieweschter Klass getraff huet.

Apropos getraff. D'Fola huet gëschter 5 Mol an Diddeleng 4 Mol getraff.

Dës zwou Equippen sinn dann och déi kloer Gewënner vun dësem Spilldag.

A béid Equippen spillen e Sonndeg géinteneen.

Am Fall vun engem Succès kann d'Fola d'Avance op Diddeleng op 4 Punkten ausbauen.

Gewënnt Diddeleng an d'Jeunesse net da wieren déi Diddelenger fir déi éischte Kéier dës Saison op der éischter Plaz an der Tabell.

An dat ass d'Zil fir den Dino Toppmöller.

Cut Dino Toppmöller

Den Escher Goalgetter Samir Hadji ass sech bewosst, dass et géint den F91 schwéier gëtt.

Cut Samir Hadji

An eiser Rubrik jo oder Nee, hues du dem Claude Ottelé den Zant gezunn.

Cut Claude Ottelé


Wéi gewinnt gëtt et och haut nees een Trickot vun der National Equipe ze gewannen.

Wie siche mir?

Cut Arno Bonvini

Déi richteg Äntwert op den 62468 fir 50 Cent den SMS.


...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - FLF-MagazinBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - FLF-Magazin

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners