Haut als Gaascht op der Gelle Fro hunn den Philippe an den Tom den Joé Dennenwald. Déi eng kennen en als Joé Mores aus Capitani, déi aner als Pit Pol Witzeg vun Duck Féiss – egal vun wou een en kennt eppes ass kloer: Den Joé verkierpert lëtzebuergeschen Entertainment.
Als Co-Host vum Podcast Erklär & Laach war hien an den Nummer 1 Podcast-Beef zu Lëtzebuerg verwéckelt, an ass haut op der Gelle Fro zu Gaascht, fir Ried an Äntwert ze stoen an déi offiziell Nummer 1 ze verkënnegen.
Mais op Youtube ass an bleift Duck Féiss ongeschloen: esou eppes Witzeges gouf et nach ni zu Lëtzebuerg, an säitdeem och ni méi. Den Joé erzielt eis wéi dat ganzt enstaanen ass an ëmgesat gouf, an wënscht sech dass och mol neier et sou duerchzéien géifen wie si deemools. Seng Aarbecht bei Duck Féiss huet him schliisslech Dieren opgemaach an en huet et bis op Netflix gepackt!
Niewent sengen Erliefnisser an Challengen bei Capitani, zielt den Joé och vum Casting, an der ominéiser Lieders Casting Couch… Mais d’Box ass anscheinend uewen bliwwen. Op alle Fall war d’Gage déi en kritt huet esou gutt, dass en dofir direkt säin Job bei der Bank geschmass huet.
Niewent deenen méi offensichtlechen Saachen erzielt den Joé awer och wéi hien zu Kreta baal gestuerwen ass, an wéi hien zu Lloret deemools Eeër mat Maggi an der Sauna gebufft huet. Der Episode feelt et also un näischt, vill Spaass beim lauschteren!