Am Alter vun nëmmen 15 Joer, hunn den Ben an säin Associé den Maurice hier eegen Kleedermark gegrënnt – en Alter an dem déi meescht Jugendlecher sech iwwer Entrepreneurship nach keng Gedanken maachen. 70 Stonnen d’Woch hunn si niewent der Schoul un hirer Firma geschafft. Obgebaut hunn sie dunn den Drockmeeschter, eng Firma, déi sech em d’Bedrécken an Brodéieren vu Kleeder këmmert. Mëttlerweil ass den Drockmeeschter déi éischt Ulafstell hei am Land fir vill Lycéen, jonk Kleederbrands, Firmen an Veräiner an vill méi! Zwëschen Quotes an Zongebriecher schwätzen den Philippe an den Tom an dëser Episode vun ‚Gëlle Fro‘mam Ben iwwert Entrepreneurship, Personal Development, iwwert den lëtzebuerger Schoulsystem an villes méi!