Wéi kann en an engem räichen Land wéi Lëtzebuerg Aarmut bekämpfen? Dat ass net nëmmen dem Alexandra Oxacelay seng 'Gëlle Fro' mee och eng, déi den Philippe an den Tom sech gestallt hunn. D'Stëmm vun der Strooss gouf am Joer 1996 gegrënnt, 1998 huet d'Alexandra ugefaangen do ze schaffen, fir d'éischt als Journalistin, fir d'Zeitung erauszebréngen, dann als Directrice – an ass säit dem bliwwen. Mat Leidenschaft an groussem Häerz sëtzt hat sech fir d'Sans Abrisen hei zu Lëtzebuerg an, eng Thematik fir déi hat brennt, an déi hat dem Tom an dem Philippe wëll méi no bréngen. De Wee op d'Strooss ass e kuerzen. Wéi vill Réckschléi kann en Mënsch verdroen, bis en op der Strooss lant? Firwat geet en fräiwëlleg an den Prisong schlofen? Wéi fënnt en de Wee zeréck d'Gesellschaft an an d'Aarbechtswelt? Wat kann en als Bierger maachen fir ze hëllefen oder als Entreprise? All dës Froen an nach vill méi, probéiert d'Alexandra an engem interessanten Gespréich ze beäntweren an probéiert mat e puer Virurteeler géint Obdachloser ze briechen. Wat muss geännert ginn an eiser Gesellschaft, dass muss iwwert de Problem geschwat ginn, dat betount hat an dëser Episode. Jiddereen kann eppes bäidroen fir ze hëllefen, an wann et nëmmen ass, engem Obdachlosen en Laachen ze schenken, amplaz Ewech ze kucken.