RTL - Carte Blanche

Iwwer d'Relevanz vun der Naturgeschicht, 22/11/2017


Listen Later


Dem réimeschen Historiker a Schrëftsteller Gaius Plinius Secundus säi Wierk Historia naturalis gëllt als déi eelste vollstänneg iwwerliwwert systematesch Enzyklopedie. Si ass ëm 77 no Christus entstanen a behandelt Themen, déi een haut virun allem den Naturwëssenschaften zouuerdne géif, wéi Zoologie, Botanik, Metallurgie a Mineralogie. Bis un d’Enn vum Mëttelalter huet dëst Wierk e staarken Afloss gehat an huet laang och als Referenzwierk um Gebitt virun allem vun der Medizin an der Geografie gegollt. Haut ass d’Historia naturalis eng wichteg Source fir d’Verstoe vum antike Wëssen. Eng am Klouschter vun Orval entstanen Handschrëft dovunner aus dem 10./11. Jorhonnert gëtt iwwregens an der Réserve précieuse vun der Nationalbibliothéik conservéiert a stellt e wichtegt Stéck vun onsem Patrimoine culturel duer.

Nach bis an d’18. Jorhonnert ass den Terme historia als eng Zort Erkenntnesgewënn verstane ginn, d’Historia naturalis am allgemenge Sënn also als eng Ennersichung vun der Natur, an där et drëms geet, d’mineralesch an d’lieweg Welt, mä och mënschlech Gebräicher a Sproochen an hirer ganzer Diversitéit ze beschreiwen, z'inventariséieren an ze klassifizéieren. Dat huet also vill mat deem ze dinn, wat haut nach an naturhistoresche Muséeë gemeet gëtt. Eréischt vum 18. Jorhonnert un krut den Terme du seng heiteg Bedeitung: als historesch gëlle kosmologesch, geologesch oder biologesch Phenomener, déi sech als d’Resultat vun enger Evolutioun an der Zäit verstoe loossen.

Haut stellt sech d'Fro, ob d'Naturgeschicht am 21. Jorhonnert iwwerhaapt nach hir Plaz huet, enger Zäit also, an där d'Wëssenschaft ëmmer méi just applizéiert Fuerschung am Kader vun enger industrieller Technoscience ass.
Ass den Term oder souguer d’Fach selwer vun der Naturgeschicht domadder veraltert? Ass tatsächlech nëmmen nach do Wëssenschaft dran, wou och Wëssenschaft wuertwiertlech drop steet.
Nee, am Contraire, eigentlech ass d'Naturgeschicht modern wéi nach ni! Well wat sinn hir Aufgaben haut? Den Inventaire vun der Biodiversitéit maachen an iwwer hiren onheelvolle Verloscht opklären, d’Welt an hir Evolutioun an der laanger Zäit op eng rational Manéier verstoe wëllen, de Mënsch als eng Aart ënner villen aneren z'akzeptéieren hëllefen, sech an edukativ Programmen abréngen an op Gesellschaftsfroen agoen, Brécke schloen tëscht fundamentaler an applizéierter Fuerschung.  

Als Disziplin vun der geneeër Observatioun léiert d’Naturgeschicht ons Fakten ze respektéieren. Si hëlleft d’Vertraue vum Public an d’Wëssenschaft ze stäerken, e Vertrauen, dat wichteg ass, wann et drëms geet a laangen Zäiten ze denken an ze handelen, grad bei esou kruziale Problemer wéi dem Klimawandel an dem Aarteschwund, déi och Konsequenze fir d'Mënschheet wäerten hunn.

D’Naturgeschicht verankert de Mënsch an d'Natur a léisst en net allmächteg driwwer schwiewen. Si ass méi wéi jee e wichtege Bestanddeel vun onser Kultur.

* De Patrick Michaely ass vu Formatioun Biochemiker an am Naturmusée responsabel fir Ëffentlechkeetsaarbecht a Kommunikatioun.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

60 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

13 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners