Op sengem Summerconcert spillt den Orchestre National des Jeunes du Luxembourg Beethoven, Schnittke a Mozart. Invitéiert gëtt och bei dësem Projet e bekannte Solist. Dës Kéier steet den Orchester mam Felix Klieser op der Bün. Den däitschen Hornist ass nieft sengem musikaleschen Talent och dofir bekannt, datt hien de Cor ganz anescht spillt wéi aner Hornisten. Hie gouf ouni Äerm gebuer an huet dofir geléiert d'Ventiller mam lénkse Fouss ze bedéngen. En aussergewéinleche Solist fir d'Saison 24/25 ofzeschléissen!
De Concert ass Samschdeg, de 26. Juli 2025 am Mierscher Theater. D'Opnam vun dësem Concert ass bis de 25. August 2025 disponibel.
Programm:
Ludwig van Beethoven: Ouverture aus der Oper "Fidelio"
Wolfgang Amadeus Mozart: Concerto fir Cor an Orchester Nr. 4 a Mi bémol Majeur, KV 495
Alfred Schnittke: Moz-Art à la Haydn
Ludwig van Beethoven: Sinfonie Nr. 7 a La Majeur, op.92
Interpreten:
Felix Klieser, Cor
Orchestre National des Jeunes du Luxembourg (ONJ)
Pit Brosius, Direktioun