Level up

Level up

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Level up episodes

  • Unreal Engine
    Wann haut e grousst Videospill erauskënnt, leeft hannendrun dacks Technologie vun enger eenzeger Firma: Epic Games.
    Vill Leit kennen Epic virun allem duerch d‘Videospill “Fortnite”, mee den eigentlechen Afloss vun der Firma geet vill méi wäit. Well Epic huet net nëmme Spiller gebaut, mee eng Technologie, déi haut e groussen Deel vun der Gaming-Industrie undreift, d'Unreal Engine.
    0 min
  • Meccha Chameleon
    E Chamäleon passt sech faarweg senger Ëmgéigend un. A genee déi Iddi steet och am Mëttelpunkt vu “Meccha Chameleon”. An dësem Multiplayer Verstoppchesspill moolt ee sech selwer direkt an d'Spillwelt eran a probéiert mat der Ëmgéigend ze verschmëlzen. Wat simpel kléngt, suergt fir iwwerraschend vill Chaos a ganz vill lëschteg Momenter.
    7 min
  • Metal Gear Solid Delta
    Eng Neioplag vum Videospill "Metal Gear Solid 3", dat 2004 erauskoum. D'Videospill presentéiert e spannenden Agenten-Actionthriller, deen eis mat an 1960er Joren hëlt a real Geschichten aus der Zäit opgräift. Allerdéngs ass hei och eng Grëtz Iwwernatierleches mat eragemëscht. Spilleresch bitt de Remake net vill Neies, optesch huet d'Spill awer e grousse Sprong gemaach.
    9 min
  • Particulitix
    Explosiounen a ganz vill Géigner gläichzäiteg um Bildschierm. Particulitix ass en Indie Videospill vum Solo Entwéckler Workshop Geek, bei deem een sech duerch riseg Géignerwelle kämpft a säi Charakter mat neie Fäegkeeten ëmmer weider ausbaut. Mat senger futuristescher Neon Grafik, Spezialattacken a komplett absurde Momenter, gëtt aus engem simplen Shooter no e puer Minutten een eenzegt digitaalt Chaos.
    7 min
  • Pragmata - E Shooter, deen net just Pappe begeeschtert
    Pragmata ass en neit Abenteuer-Spill vu Capcom, dat an enger Moundstatioun spillt. Déi gëtt vun enger béiser KI kontrolléiert. Eigentlech hätt de Hugh Williams keng Chance fir vum Mount nees z'entkommen. Mee glécklecherweis trëfft hien e klengt Meedchen, mat extraordinäre Fähegkeeten: E mächtegen Android an engem klenge Kierper.
    Pragmata ass eng ronn Affär, déi een an 11 knackege Stonnen duerchgespillt huet. Den Yves Stephany ass begeeschtert.
    7 min
  • Saros
    An dësem Sci-Fi-Videospill verkierpert een e Söldner, deen als Deel vun enger Expeditioun, rausfanne muss, wat mer der Expeditioun geschitt ass, déi virun hinnen op de Planéit geschéckt goufen.
    7 min
  • Tomodachi Life
    No iwwer 12 Joer ass d'Videospill “Tomodachi Life” zeréck op der Switch. Nees dobäi erëm ee komplett absurden Inselchaos mat den eegene Miis, de Figuren aus dem Spill. Dës Kéier mat vill méi kreative Méiglechkeeten, méi Individualiséierung an nach méi Plaz fir eegen Iddien.
    7 min

About Level up

From the publisher's feed

Mir schwätzen iwwer nei Trends an interessant Entwécklungen an der Gaming Branche.