Level up

Level up

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Level up episodes

  • Routine
    Eng verlooss Moundstatioun, Bildschiermer a Luuchten déi flackeren a Roboter, déi duerch däischter Korridore patrulléieren an ee joen. Routine ass e Survival Horrorspill, an deem een op enger verloossener Raumstatioun um Mound erausfanne muss, wat mat de Mënschen do geschitt ass. Déi ganz Atmosphär erënnert staark un Alien Isolatioun a riicht sech u jiddereen, dee psychologeschen Horror gär huet mat enger interessanter Grafik.
    6 min
  • Hytale
    E Videospill, op dat vill Leit bal zéng Joer gewaart hunn. Eng riseg, faarweg Sandbox Welt voller Detailer, interessante Kreaturen, epesche Landschaften an enger vun de turbulentsten Entwécklungsgeschichte vun de leschte Joren. Hytale ass no laangem hin an hier endlech spillbar, aktuell awer nach an engem ganz fréienEarly Access.
    8 min
  • Battlefield 6
    Den Yves Meyer schwätzt iwwer deen neitsten Ofleeër vun enger vun de bekanntste Videospill-Serien. E Multiplayer-Shooter, bei deem also vill verschidde Spiller op d'Schluechtfeld kommen a sech bekämpfen.
    6 min
  • Tavern Keeper

    Eng eegen Taverne opbauen, Gäscht zefridde stellen a Chaos managen: D'Videospill “Tavern Keeper” ass aktuell am Early Access verfügbar, kënnt awer schonn elo extreem gutt un. Am Spill erschaaft ee seng ganz perséinlech Taverne an erlieft eng Mëschung aus Management, Storytelling a léiwer Fantasy Atmosphär, mat immens grousser kreativer Fräiheet an Humor.

    6 min
  • Ausbléck op 2026
    Op wéi eng Videospiller, déi 2026 erauskommen, freeë sech eis Videospill-Experten an -Expertinnen am meeschten? De Pit Walté huet beim Yves Meyer, Patrice Sadler a Sophie Kucharzyk nogefrot.
    9 min
  • Ball x Pit an Absolum
    "Ball x Pit" ass e Block-Breaker mat Shooter-Elementer, dat Ganzt a Pixelgrafik. “Absolum” ass eng flott Reimaginatioun vum Beat-em Up-Genre am Stil vun enger Bande dessinée. Béid Videospiller wäerten deene gefalen, déi Fans vun alen Arcade-Spiller sinn.
    9 min
  • Ghost of Yotei
    E Videospill dat eis an dat aalt Japan mathëlt. Et geet ëm d'Geschicht vum Atsu, dat sech un de Männer räche wëll, déi seng Famill ëmbruecht hunn. Am Laf vum Spill gi mer dann ëmmer méi Hannergrënn gewuer.
    5 min
  • Mimesis
    “Mimesis” ass en neit Coop-Horror Survival Spill, dat perfekt an d’Rei vun Titele wéi Lethal Company, R.E.P.O. an Headliners passt. Mat enger aler Tram fiert een op verloosse Plazen, sammelt Géigestänn, erfëllt eng Quot a muss dobäi de Mimesis entkommen. Dës Géigner imitéieren d'Spiller:innen op eng immens realistesch Manéier a bréngen en intensive Mix aus Spannung an Humor mat sech, deen een an där Form nach net gesinn huet.
    8 min
  • ARC Raiders
    En Extraction Shooter, deen zimmlech villes richteg mécht. Eng kloer artistesch Linn, spannend Interaktioune mat anere Spiller an en detailräiche Leveldesign maachen “ARC Raiders” zu engem vun de bessere Spiller vum Genre. Wat och iwwerzeegt: Et kënnt gutt optimiséiert op de Maart a leeft erstaunlech propper.
    6 min

About Level up

From the publisher's feed

Mir schwätzen iwwer nei Trends an interessant Entwécklungen an der Gaming Branche.