Level up

Level up

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Level up episodes

  • Dune: Awakening
    Ee Wüsteplanéit, Sand, Hëtzt an natierlech Sandwierm. Beim Survival Spill "Dune: Awakening" muss een en Iwwerliewenskënschtler sinn, fir weiderzekommen.
    Bau eng Basis, produzéier Waffen a virun allem iwwerlief! De Patrice Sadler stellt d'Videospill vir.
    5 min
  • POOLS
    An dësem atmosphäresche Walking-Simulator wandert een duerch en endlosen, realistesch wierkende Schwämmkomplex. D’Angscht kënnt hei net duerch klassesch Jumpscares, mee duerch d’Gefill verluer ze sinn an enger Welt, déi vertraut ausgesäit, mee sech iergendwéi net richteg ufillt.
    7 min
  • Impressioune vun der Gameland
    Leschte Weekend war an der Schongfabrick zu Téiteng de Gameland 6: Beyond Buttons, wou sech vill Gamer versammelt haten. Hei konnt een da ganz vill Spiller ausprobéieren, ganz neier awer och e puer aler, fir d'Nostalgie. De Patrice Sadler war op der Plaz an huet Impressioune gesammelt.
    6 min
  • Sunderfolk
    Sunderfolk ass een taktescht Couch Coop Rollespill, bei deem ee mat bis zu 3 Kolleegen op eng fantastesch Aventure geet. Déi innovativ an erfrëschend Steierung iwwer de Smartphone mécht aus Sunderfolk ee Spill, dat een och gutt mat onerfuerene Gamer spille kann. De Patrice Sadler stellt Sunderfolk fir.
    5 min
  • Doom: The Dark Ages - De Klassiker nei erfonnt
    Déi neisten Episod an der Doom Franchise iwwerzeegt mat engem innovative Kampfsystem. D'Grafik, de Sound an de Gameplay maachen d'Spill zu enger ronner Geschicht. Frënn vu brutale Shootere kommen op hir Käschten, mengt den Yves Stephany.
    5 min
  • Clair Obscur: Expedition 33
    E Spill, dat esou ee grousse Succès huet, datt esouguer den Emmanuel Macron dem franséischen Entwécklerstudio gratuléiert huet. Den Yves Meyer huet sech d'Spill fir eis ugekuckt a stellt et eis fir.
    8 min
  • Split Fiction
    “Split Fiction” hëlt d'Spiller:inne mat an déi fantasievoll Geschichte vun zwou Schrëftstellerinnen. De kooperative Gameplay bitt Rätselen, déi ee just zu zwee léise kann. Presentéiert gëtt d'Spill vum Patrice Sadler.
    5 min
  • Mario a Luigi Superstar Saga a Bowser’s Schergen
    Der Prinzessin Peach hir Stëmm gouf vun zwee komeschen Individue geklaut! Elo mussen de Mario an de Luigi zesummeschaffen an d’Stëmm vun der Prinzessin zeréckhuelen. An och de Bowser ass bei dëser Aventure derbäi. De Filip Vukotic stellt d'Spill vir.
    7 min
  • Blue Prince
    E Spill, bei deem et vill ze rätsele gëtt. Et geet drëms e geheime Raum an enger Villa ze fannen. Nëmmen da kann ee säin Ierwen untrieden. Den Yves Meyer huet sech d'Spill fir eis ugekuckt.
    6 min
  • Dungeons of Hinterberg
    Vakanz an den Alpe mol anescht: An “Dungeons of Hinterberg” verbënnt sech magesch Fantasy mam "normalen" Alpentourismus. Tëschent Monsterjuegd, Rätselen an entspaanten Owesstonne beim Feier entdeckt Dir net nëmmen Dungeons, mee och d'Schietsäite vum Massentourismus.
    6 min

About Level up

From the publisher's feed

Mir schwätzen iwwer nei Trends an interessant Entwécklungen an der Gaming Branche.