Level up

Level up

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Level up episodes

  • UFO50

    Dës Kéier geet et net nëmmen ëm ee Spill, mee direkt ëm 50. UFO50 ass nämlech eng Spill-Sammlung, déi sech virun allem un de Spiller aus den 80er Joren inspiréiert. Den Yves Meyer huet sech derduerch gespillt a stellt eis se fir.

    8 min
  • Mouthwashing
    Mouthwashing ass ee psychologescht Horrorspill an deem een d'Roll vun engem Member vun engem Frachtraumschëff iwwerhëlt. D'Entwéckler zwéngen d'Spiller:innen a richteg onangeneem a grotesk Situatiounen eran.
    Eng psychologesch Horrorerfarung vum Feinsten, präsentéiert vum Patrice Sadler.
    6 min
  • Indiana Jones and The Great Circle
    Stellt iech vir: eng spannend Sich no engem Schatz, däischter Geheimnisser an Nazien als Géigner – alles, wat e klasseschtIndiana-Jones-Abenteuer ausmécht. Mee dës Kéier erliewe mir et an engem Videospill! Indiana Jones and the Great Circle féiert eis op déispannendste Plazen aus der Geschicht.
    6 min
  • Nine Sols
    Nine Sols ass e Spill, dat sech an enger futuristescher Optik mat asiateschen Aflëss presentéiert. An der Roll vum Haaptcharakter Yi muss sech de Spiller duerch vill Géigner kämpfen. Den Yves Meyer huet sech d'Spill fir eis ugekuckt.
    7 min
  • D'Top-Spiller vum Joer
    Et ass d'Zäit vun de Réckblécker an dat maache mir och bei de Videospiller. Eis Videospill-Experten an -Expertinne hunn eis hir Favoritte matbruecht.
    10 min
  • The Rise of the Golden Idol
    Bei “The Rise Of The Golden Idol” ass et um Spiller Verbriechen ze léisen an erauszefannen, wat et mam Golden Idol op sech huet. Ee skurrilt, vun Hand gezeechent Detektivspill voller Rätselen, déi just dorop waarde vum Spiller geléist ze ginn.
    De Patrice Sadler stellt “The Rise Of The Golden Idol” vir.
    5 min
  • Life is Strange: Double Exposure
    Am neien Deel vun der gefeierter Life is Strange Spillrei entdeckt d’Max eng nei Fäegkeet: tëschent zwou Zäitlinnen sprangen. Wärend hat versicht de Mord u senger Frëndin Safi ze léisen, geréit alles aus dem Rudder. All Entscheedung huet massiv Konsequenzen op de Verlaf vum Spill an op d'Welt. D'Sophie Kucharzyk stellt eis d'Spill fir.
    7 min
  • Dragon Ball: Sparking! ZERO
    E Kampfspill, dat eis mat an den Universum vun Dragon Ball mathëlt. Iwwer 180 Personnagë sinn hei disponibel, an et kann een och d'Geschicht aus de bekannten Animeën nospillen.
    7 min
  • S.T.A.L.K.E.R 2 Heart of Chornobyl
    No 14 Joer ass S.T.A.L.K.E.R endlech zeréck. Am zweeten Deel erfuerscht de Spiller déi geféierlech Zone ronderëm Chernobyl. Ee First Person Shooter, deen dem Patrice Sadler no, ee Kandidat fir d'Videospill vum Joer ass.
    7 min
  • The Legend of Zelda: Echoes of Wisdom
    The Legend of Zelda: Echoes of Wisdom schléit, am Verglach zu senge Virgänger, nei Weeër an: Fir d’éischte Kéier ass d’Prinzessin Zelda selwer d’Haaptfigur, déi mat hire magesche Fäegkeeten amplaz vum klassesche Schwertkampf beandrockt. D’Spiller kënne sech op eng Welt freeën, déi nostalgesch Plaze mat neien, Landschafte verbënnt a strategesch Erausfuerderunge bitt.
    4 min

About Level up

From the publisher's feed

Mir schwätzen iwwer nei Trends an interessant Entwécklungen an der Gaming Branche.