Level up

Level up

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Level up episodes

  • RV There Yet?
    D'Spill, iwwer dat am Moment jidderee schwätzt. Véier Pappe gi bei e Séi fir ze fëschen, Béier ze drénken an e grousst Feier ze maachen. Den Heemwee gëtt zum Problem: D'Strooss ass gespaart an de grousse Camper muss duerch onméiglechen Terrain manövréiert ginn. Gottseidank ginn et Seelwannen...
    Et ass absurd, komesch an aus iergendengem Grond ustiechend. Fir den Yves Stephany ass RV There Yet? d'Co Op Spill vum Joer.
    5 min
  • The Annual Ghost Town Pumpkin Festival
    The Annual Ghost Town Pumpkin Festival ass e gratis Online-Spill vum A Short Hike-Entwéckler Adamgryu. Zesumme mat anere Spiller schnëtzt ee Kürbissen, entdeckt eng charmant amerikanesch Stad mat Oktober-Flair a sammelt Ofzeechen a klenge Minispiller. Dat Festival gëtt et just eemol d’Joer am Oktober, an duerno heescht et waarde bis d’nächst Halloween.
    8 min
  • Deadly Days: Roadtrip
    E giele Schoulbus, eng Hellewull Zombien an eng gutt Portioun Chaos. An Deadly Days: Roadtrip kämpft een sech mat skurrillen Helden duerch eng postapokalyptesch Welt voller Loot, Bensinn a verréckter Waffen. D’Spill kombinéiert Action, Strategie an e besonnesche Pixelcharme zu engem Roguelite-Abenteuer mat engem eenzegaartegen Inventar-System.
    8 min
  • Megabonk
    E Spill, bei deem ee sech géint ëmmer méi grouss Welle vu Géigner muss stellen. E Spill, dat sech awer och net all ze eescht hëlt.
    6 min
  • "No, I’m Not a Human"
    D'Videospill spillt an enger Welt, an där d’Sonn explodéiert ass an d’Hëtzt dobausse liewensgeféierlech ass. Am Haus muss een all Nuecht entscheeden, wien duerch d’Dier dierf an ob et sech ëm e Mënsch oder eng geféierlech Kreatur handelt. Entwéckelt gouf den Titel vum russeschen Indie-Studio Trioskaz, verëffentlecht vum Publisher Critical Reflex, dee schonn ongewéinlech Spiller wéi “Mouthwashing” op de Marché bruecht huet.
    9 min
  • Grounded 2
    Véier Teenager, eng Firma mat hannerlëschtege Pläng an eng Welt, déi op eemol vill ze grouss ass. “Grounded 2” féiert d’Geschicht vun de geschrumpfte Kanner aus dem éischten Deel weider a bréngt méi Biomen, nei Géigner an eng nach méi déif Story. Mat Ameisen, Spannen a ville klenge Begleeder kritt d’Survival-Abenteuer eng ganz nei Dimensioun.
    7 min
  • Hollow Knight: Silksong
    En 2D Jump and Run-Spill, bei deem een als Haaptcharakter Hornet verschidde Welten entdecken a sech dobäi géint vill Géigner duerchsetze muss. Den Yves Meyer stellt eis d'Spill vir.
    7 min
  • Peak
    Chaos, Scouten um Limitt an e Bierg voller Gefor. PEAK ass e Koop-Kloterspill, e kooperatiivt Spill, dat Survival-Mechanike mat Witz a Spannung verbënnt. Wien zesumme fluchen, laachen a sech duerch d’Schluchten zéie wëllt, däerf dat Spill net verpassen.
    6 min
  • South of Midnight
    E mysteschen amerikanesche Süde voll mat alem Folklor, Bluesmusek a faszinéierende Wiesen: “South of Midnight” ass eng atmosphäresch Action-Aventure, déi eng narrativ Déift, ee Stop-Motion-Animatiounsstil an ee gudde Soundtrack zesummebréngt.
    7 min

About Level up

From the publisher's feed

Mir schwätzen iwwer nei Trends an interessant Entwécklungen an der Gaming Branche.